Diskussioun:Solperfleesch

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Firwat muuss d'Fleesch mat Salz ageriwwe ginn, wann en duerno d'Waasser dropschëtt, dat d'Salz opléist? Les Meloures 12:08, 13. Abr 2008 (UTC)

Moien
Well bis elo nach keng Erklärung zu menger Fro koum hunn ech dee Saz emol verstoppt. Les Meloures 15:31, 14. Okt 2008 (UTC)


Gudden Owend,
déi uewe beschriwwe Method ass eng vu ville Solpermethoden. Heibei gëtt d'Salz zwar vum Waasser opgeléist, mee et léist sech awer net a Loft op. Et bleift am Waasser an et mécht och do seng Wierkung.
Et muss een ënnerscheeden tëscht dréche Solperen a naas Solperen. Bei der dréchener Method gëtt d'Fleesch mat dréchenem Salz ageriwwen an da leie gelooss. D'Salz entzitt dem Fleesch lues a lues all Fiichtegkeet an d'Salz zitt an d'Fleesch. Dës Method dauert relativ laang.
Beim naase Solperen gëtt fir d'éischt Salzwaaser gemeet an d'Fleesch dragelued. Bei dëser Method geet et méi séier. Déi uewe beschriwwe Method ass warscheinlech eng Kombinatioun vun deenen zwee.
An da ginn et nach Methoden wou et nach méi séier geet an déi haut beim industrielle Solpere gebraucht ginn. Mee déi kennen ech awer net.

Op de:Pökeln ass alles relativ gutt erklärt. --Pecalux 16:30, 14. Okt 2008 (UTC)