Diskussioun:Spellchecker

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wann engem ee bessert Beispill afällt fir d'Limitatiounen vun engem Spellchecker ze weisen wier ech frou wann en dat kéint ergänzen. (vum 83.99.36.182)

Gëtt dat heiten elo zu Jérôme Lulling Fanpage? (vum 83.99.33.249)

Mat Gehässegkeeten ronderëm ze geheien bréngt eis anscheinend och net weider. An de Wonsch "wann en dat kéint ergänzen" ass zimmlech einfach z'erfëllen, "ma da maach du et" (fir et emol däitlech ze soen. Zu der Fanpage: Bis viru ganz kuerzem war nach kee fäeg en Artikel iwwer de Jérôme Lulling ze schreiwen. Dunn huet een ugefaangen; an elo gëtt deen anscheinend hei zougepifft.
De Wikipedia-System erlaabt et jidderengem, eppes besser ze maachen. Dat hei soll keng Fanpage ginn, awer och keng Piffkaul! --Cornischong 09:26, 23 Abrëll 2006 (UTC)

Ech fannen et traureg datt d'Jonge vu Spellchecker.lu op eng al Versioun vun dësem Artikel verlinken (dowéinst och meng feelerhaft Ännerung vum 3.Mee), bei all Respekt fir hir Initiative. -- 193.168.73.139 15:09, 4 Mee 2006 (CET)

spellchecker.lu am Ruckzucktest[Quelltext änneren]

Nodeems ech mer mol deen neie "Spellchecker.lu" ugekuckt hunn:
An den "Online-checker" hunn ech aginn: "Dat ass en aalen Auto." Den Checker fënnt dee Saz ganz an der Rei! Abee Merci. (en aalen Auto kritt KENG zwéin "a", richteg ass et "en alen Auto".
Op der éischter Säit fannen ech ë.a. follgend Feeler: "ze entwéckelen, deen mat" (Eifeler Reegel); "iwwert dëss Internet-Säit" (dëss!?); "schnell" (ass dat net däitsch?); "een onerlässlechen Internet-Service" (een oner... wat??). Beim "Download"-Reider: "Mat méi aale Versiounen" (!); "gëtt just op Textabschnëtter ugewand" (oder léiwer "ugewannt"); "kann also och benotzt ginn bei" (oder léiwer "gi bei"); "Sollt ët zu Problemer" (ët??!); "d'Installatiounshiweiser" (oder Hiwäiser!).
A mat esou eppes solle mer Lëtzebuergesch léieren?! freet sech de --Cornischong 02:35, 24 Abrëll 2006 (UTC)