Diskussioun:Spigelreflexfotoapparat

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Zum schematesche Bild: Dat ass léif, datt ee sech mat Inkscape vill Aarbecht gemaach huet. Et wier nach vill besser gewiescht, wann dee Gudden eng Anung vu Fotoapparater hätt. De Knäppche mat der Nummer 7 ass iergeneppes, awer bestëmmt keen Ausléiser; deen ass dee schwaarzen, ronnen ouni Nummer. Den Daachkanteprisma ss falsch gebaut; mat deem do gesäit ee lénks-riets säiteverkéiert. D'Nummer 3 ass eng Lëns a keng Blend, an esou feelt d'Blend. An de Spigel huet och keng Nummer. An esou eppes ass "This is a featured picture on Spanish Wikipedia and is considered one of the finest images."
Mär hu jo bestëmmt en Inkscape- oder e Illustratorspezialist an der Equipe. Merci. --Cornischong 17:04, 12. Dez. 2008 (UTC) E Blenderank ass och nach net geleefeg. --Cornischong 17:23, 12. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]