Diskussioun:Spiritual

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Oppassen, Priester a Paschtouer ass net dat selwecht... (vum 158.64.129.210)

Den Ausdrock Priester kënnt mer am Lëtzebuergeschen zimmlech ganz niewendru vir. Bis elo si mer mat Geeschtlechen (oder spezifesch kathoulesche Geeschtlechen) gutt gefuer. De Luxembuerger Lexikon huet nawell e spezielle Konschtgrëff gemaach; dee klasséiert déi Leit als "Theolog". Wa mer eis emol mat de "Protestanten" oder anere Gruppen ofginn, wäerte mer nach eppes ze knae kréien. --Cornischong 00:37, 27 Januar 2007 (UTC)

Gudde moien
Hei seet eis eng I.P. Priester a Paschtouer wier net dat selwecht. Dovun af gesinn datt Lëtzebuerger déi mat Priesteren hantéiere menger Meenung no ganz rar sinn, géif et dann och nach vläicht op lëtzebuergesch Priister geschriwwe ginn.
Domm ass just datt déi I.P. éis net seet wat et dann ass. Les Meloures 10:09, 27 Januar 2007 (UTC)
Den Ënnerscheed tëscht engem Priester an engem Paschtouer:
Priester: Dat ass e Geeschtlechen deen zum Priester geweit gouf an doduerch d'Recht huet fir Sakramenter ze spenden.
Paschtouer: Dat ass e Geeschtlechen, meeschtens e Priester, deen d'Missioun huet fir eng oder méi Paren ze versuergen.
Net all Priester ass Paschtouer.
--Pecalux 10:59, 27 Januar 2007 (UTC)