Diskussioun:Staatsrot

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

150 Joer Staatsrot, an hei schreiwen der Säite voll iwwer "Wappen", déi kee beschreiwe wëll! Pake mer mol deen Artikel un, oder sinn nach Kategorien ze "behandelen" ?--Cornischong 23:04, 31 Oktober 2006 (UTC)

Wier et net besser den Artikelnumm "Staatsrot" fir de Staatsrot vu Lëtzebuerg beizebehalen an e "Staatsrot (Homonyme)" ze maachen, wou een déi aner Staatsréit draschreiwe giff. Et huet e soss iwwer 30 Linken déi op den Homonyme "Staatsrot" ginn awer allkéiers ass de Staatsrot vu Lëtzebuerg gemengt. --Fliedermaus 11:27, 14 Dezember 2006 (UTC)
D'accord mam/mat der(?) Fliedermaus: Iwwert den DDR-Staatsrot oder de franséische Conseil d'Etat wäert viraussiichtlech kaum esouvill hei geschriwwe ginn. Dofir: "Staatsrot (Homonymie)" fir e roude Link op déi aner. --Zinneke 11:50, 14 Dezember 2006 (UTC)
Net d'accord. Just well mir e Staatsrot hunn, heescht datt net datt eisen den eenzegen op der Welt ass. Dofir kann een net d'"Schlagwuert" benotze, fir e spezifeschen (an dësem Fall op Lëtzebuerg bezunn) Artikel ze maachen. Dat wir wéi wann ech en Artikel "Béier" opmaachen, an nëmmen iwwer Mousel, Dikrecher Co. schreiwen. Oder en Artikel "Politik" a just d'Politik vu Lëtzebuerg behandelen asw. asw. Wann et ëm déi Linke geet, déi hunn ech der séier all verbessert. Mäi Pefferkär. --βρισεισDisk 14:16, 14 Dezember 2006 (UTC)
Och net d'accord. Mir schreiwe jo keng Wiki fir Lëtzebuerger mee fir Leit déi lëtzebuergesch schwätzen (a vläicht souguer schreiwen). Dat ass e klengen, wann och rengen, Ennerscheed. Also schléissen ech mech dem βρισεισ un. --Pecalux 15:37, 14 Dezember 2006 (UTC)

A wéi wier et dann wa mer een Artikel hätten dee géif Staatsrot heeschen a an deem ogefouerte wier wat ee Staatsrot ass (am algemengen) an duerno D'linken op déi verschidde Lännerstaatsréiet ongeféier no dësem Sytem

      • an sou weider fir all Land mat dem Originalnumm

Les Meloures 15:02, 14 Dezember 2006 (UTC)

Ech hunn dat méi aus enger statistischer Optik gesinn. Wann an engem Artikel an der Wikipedia op Lëtzebueger Sprooch "Staatsrot" steet ass (bal?) ëmmer de Staatsrot vu Lëtzebuerg gemengt.


Meng Meenung: Wann an engem Artikel vum Kontext hir de Staatsrot vu Lëtzebuerg oder de Staatsrot vu China gemengt ass, soll de Link och direkt op den Artikel vum respektiven Staatsrot féieren an net op en allgemengen Artikel iwwer all Staatsréit déi et op der Welt gëtt.

Wann et ëm déi Linke geet, déi hunn ech der séier all verbessert. dixit Briséis. Déi Méiglechkeet wier och an der Réi. Misst een dann awer net och bei villen anere Wieder déi solle verlinkt gi wéi Gemeng, Gemengerot, Schëfferot, Kanton, Buergermeeschter, Schëffen, Conseiller, Gesetz, Chamber, Premierminister, Regierung... ëmmer Lëtzebuerg a Klameren dobäischreiwen wann et sech op Lëtzebuerg bezitt.--Fliedermaus 17:45, 14 Dezember 2006 (UTC)

De Problem mat de Gemengen hat ech schonns eng Kéier op d'Tapéit bruecht kee Mënsch huet deemols reagéiert. Les Meloures 18:25, 14 Dezember 2006 (UTC)