Diskussioun:Stad Lëtzebuerg am 19. Joerhonnert

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Merci fir d'Uleeë vun deem Artikel!

Ech hoffen, Der kënnt nach eng Kéier driwwer kucken (Einfach op "Ännere" klicken): D'Chronologie spréngt e bëssen hin an hir (z.B. d'Arbed, déi ernimmt gëtt, gouf eréischt 1911 gegrënnt), iwwerhaapt feele wichteg Datumen (ugefaange mam Bau vun der Eisebunn). An dann misst nach e bëssen um Stil geschafft ginn: Wann Optiounen opgezielt ginn: Ween huet déi wéini wou gemaach? Wann se just theoreetesch wieren: Da misst dat gekierzt ginn, fir dem enzyklopedesche Stil, deen hei ugewannt gëtt, gerecht ze ginn.Schliisslech wieren e puer Quellen/Literaturangabe ganz nëtzlech, jo néideg, fir dem Artikel méi "Déift" ze ginn. Grondlag schéint dem Här Philippart säi Buch ze sinn?

Huelt déi Remarquë wegl net queesch, si si konstruktiv gemengt, an den Artikel huet sécher nach vill "Potential"!

Op eng gutt Zesummenaarbecht, --Zinneke 23:17, 7. Dez. 2011 (UTC)[äntweren]