Diskussioun:Stadpark vun Esch-Uelzecht

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Am Südweste vum Park, um Bouwenaker, an am Südosten, déisäit vum Diswee, si Gaardekolonien.

Moien, menger Landkaart no leien de Bouwenaker an den Dieswee am Norden an am Norweste vum Park. Soll dat si well meng Kaart ze al ass. --87.67.254.222 14:27, 1. Jun. 2016 (UTC)[äntweren]
De Park verleeft zimmlech qeesch, sou datt, deemno wat fir ee Punkt vum Park een als Repère hëlt, d'Himmelsrichtungen zum Deel anescht sinn. Dir kënnt dat gär preziséieren, mat der Angab "vun XY aus gekuckt ..." --158.169.40.7 14:33, 1. Jun. 2016 (UTC)[äntweren]
Genau esou ass et, et ass alles eng Fro vum Standpunkt. --MMFE (Diskussioun) 14:34, 1. Jun. 2016 (UTC)[äntweren]

De Standpunkt ass deen heiten, den Norden ass uewen op der Kaart an de Süden ënnen egal wou ee steet. De Bouwenaker ass de nordwestlechsten Deel vum Park a kann deemno net am Südoste leien.

Fir datt de Bouwenaker südëstlech soll leien da misst ee vum Belval aus kucken --87.67.254.222 14:44, 1. Jun. 2016 (UTC)[äntweren]

D'Gaardekolonien leie südlech oder südwestlech vun de rue du Stade an net vum Dieswee. Den Dieswee leeft vun Norden no Süden, westlech dervun ass de Bouwenaker an op der ëstlecher Säit stéisst en un de Park. A Beschreiwunge ass westlech vun der westlechter Extremitéit aus gekuckt a grad sou verhält et sech mat den aneren Himmelrichtungen. --87.67.254.222 15:04, 1. Jun. 2016 (UTC)[äntweren]