Diskussioun:Staustuf Gréiwemaacher-Wellen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gudde Moien,

Op dem Bild ass nieft der Schleisekummer nach e schmuele Kanal ze gesinn. Weess ee wat mat deem lass ass.

Les Meloures 21:52, 29. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

Salut Les Meloures,
Du hues Recht, an dat ass nach nët alles, well esou eng Staustuf huet eng ganz Rëtsch Elementer, déi ech mol an den Artikel gesat hunn. Fir deng Fro korrekt ze beäntwerten, deen zweete Kanal ass eng Bootsschleis fir Sportbooter, Motorbooter etc, déi funktionnéiert mat manner Opwand a manner m3 Waasser, et geet dann och méi séier an et fléisst méi Waasser duerch d'Kraaftwierk fir Stroum ze produzéieren.
Ech proposéieren, fir déi zwéin Artikelen iwwert Schëffschleisen op Staustufen ze réckelen an d'Schleisen bannent dem Artikel ze behandelen. Deemno: Staustuf Gréiwemaacher-Wellen amplaz Schleis Gréiwemaacher-Wellen. Esou schéngt et mir méi richteg, wat mengst Du? freet de --Christian Ries 13:15, 30. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,

Jo well dat ass jo am Fong e Ganzt mat de Schleisen an dem Kraaftwierk. Ass net och nach eng Fëschleeder do?

Les Meloures 13:35, 30. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

D'Fro ass beäntwert, ech hat nach net an den Artikel gekuckt :-( Les Meloures 13:37, 30. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

Salut, ech mengen esou wier et méi kloer, just bei de Schleisen bleift nach Aarbecht. Den Haaptartikel misst Schëffsschleis heeschen, an deem de Prinzip erkläert gëtt an déi verschidden Type vu Schleisen opgezielt ginn (verlinkt). Esou kéim een op déi verschidden Type vu Schleisen, déi dann an Artikelen kënne verlinkt ginn. --Christian Ries 14:18, 30. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]