Diskussioun:Téistuff (Caritas Lëtzebuerg)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Den Ufank vun dësem Artikel gouf am Laf vum Schouljoer 2008/2009 am Reliounsunterrecht vun 3es-Schüler aus dem Lycée Aline Mayrisch fir d'lb.Wiki virbereet.

Tipptopp! Dat gëtt eng *! --Zinneke 09:02, 9. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,

Nodeems ech aus dem "Obdachlosen" (de: der Obdachlose) en "Obdaachlosen" (wéi "Daach") gemaach hunn, froen ech mech op dat richteg war. Et gëtt awer och nach d'Wuert "Strummert", mee deen Ausdrock schéngt mir éischter péjorativ ze sinn, oder net?--Fliedermaus 09:20, 9. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

"E Mënsch ouni Daach iwwer dem Kapp" gesäit zwar e bësse bandwuermeg aus, awer e bessert kënnt mer net an de Kapp. --Cornischong 09:32, 9. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]
Eis Sprooch ass ni wäertneutral. De Lëtzebuerger Ausdrock "Strummert" hu mer bewosst net gewielt, well net jiddereen, dee keng Wunneng huet "op der Strumm" ass.--Sultan Edijingo 09:36, 9. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]
"Leit ouni (fest) Doheem", "Leit ouni Daach iwwer em Kapp", "Leit déi mussen op der Strooss liewen": Ausser Ëmschreiwunge gesinn ech och keen adequat Lëtzebuergescht Wuert. "Strummert" ass effektiv, ewéi "clochard" am Franséischen, aus enger historescher sozialer Realitéit, déi mat der aktueller Situatioun net onbedingt méi iwwerenee stëmmt. Mee et wier intressant, gewuer ze ginn, Wéi déi Leit soen, déi an deem Milieu schaffen? Z.B.: A wéiwäit ass dat franséischt "SDF" zu Lëtzebuerg gebräichlech? --Zinneke 09:38, 9. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

Wou ass déi?[Quelltext änneren]

Ech hunn am Artikel net richteg erausfonnt, wou déi ass. Ass déi an de selweschte Reimlechkeete wéi de Foyer Ulysse? --84.22.50.26 12:34, 11. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]

Op se an de selwechte Räimlechkeeten ass wéi de Foyer Ulysse weess ech net. Mä se ass op jidde Fall op der selwechter Adress: Kuck hei. --Pecalux (Diskussioun) 14:18, 11. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]