Diskussioun:Thierry Simonelli

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech sinn net domat averstan datt perséinlech Donnéeën ouni meng Zoustëmmung verëffentlecht ginn. Dat ass eng Fro vu Respekt, di och vum neie Gesetz vum 28 Juli 2011 kloer reglementéiert ass.

Moien,
Wann ee Gebuertsdatum ëffentlech bekannt ass, däerft e wuel och hei stoen. Wann net kënne mer ganz gären de ganzen Artikel läschen. --Les Meloures 18:01, 6. Sep. 2011 (UTC)[äntweren]
Huet ee Mënsch deen net wëll op d'Welt komm sinn iwwerhaapt en Artikel op der Wikipedia verdéngt????
E schéngt och d'Gesetz net richteg gelies ze hunn. (PROTECTION DES DONNÉES DANS LE SECTEUR DES COMMUNICATIONS ÉLECTRONIQUES, Mémorial A n° 172, 2011). Wat huet e Gebuertsdatum domat ze dinn.
Deem Här säi Gebuertsdatum ass ëffentlech op Pabeier ofgedréckt (am Mémorial B –– N° 32 7 mai 2009, méi public an a Konformitéit mam Gesetz geet et wuel net) a ka vu jiddwerengem dee liese kann nogekuckt ginn. --91.180.11.232 09:32, 7. Sep. 2011 (UTC)[äntweren]


Ech wärt mech méi genau bei der Commission nationale pour la protection des données iwwer déi Fro informéieren, an deementspriechend op dësen Forçage reagéieren. Als Mataarbechter regrettéieren ech op alle Fall dësen kompletten Mangel u Respekt. Et iwwerrascht mech och wéi selbsternanneten Vertrieder vun der Wourecht sech hannert Pseudonymen an anonym Ip-Adressen verstoppen.

Ech akzeptéieren gär d'Propositioun dës ganz Säit definitiv ze läschen. Merci!

Thierry Simonelli

Gudden Owend Här Simonelli,
Mir si gespaant.
Just zur Informatioun: Och wann d'Wikipedia lb um Internet ze fannen ass, bleift et awer nach eng Enzyklopedie. An deem Sënn kann a soll se all Informatioun erëmginn déi ëffentlech bekannt ass. Eppes wat am Mémorial steet ass ëffentlech bekannt, (jiddweree kann de Mémorial konsultéieren) an et gëtt ugeholl datt et och stëmmt. Doriwwer eraus steet Äre Gebuertsdatum an engem Buch dat hei zu Lëtzebuerg ëm déi 20.000 mol verkaaft gouf. Haten déi Iech och net respektéiert, oder muss ee Respekt hunn wann een eng Informatioun gratis ënner d'Leit bréngt, an déi, déi sech nach bezuele loosse, brauchen dee Respekt net ze hunn. Oder wéi soll ee soss Är Meenung verstoen? --Les Meloures 19:35, 7. Sep. 2011 (UTC)[äntweren]
Mäi Pefferkär: Fir d'éischt emol: Ech si géint d'Läsche vun deem Artikel; de Mann huet 'eppes Opweises' an ass bekannt genuch, fir dass en hei seng Fiche kann hunn. Ech kann näischt dran entdecken, wat géint d'Wikipedia-Prinzipe verstousse géif (z.B. Copyright-Violatiounen, falsch Behaaptungen, etc.). Wann dofir een eng Ofstëmmung iwwer eng Läsch-Demande maache wéilt: Ech géif Contra stëmmen.
Wat elo déi Mentioun vum Gebuertsdag betrëfft: Deen Artikel hei zitéiert just Informatiounen, déi allgemeng zougänglech sinn. Sou goufen alt schonns an aneren Artikelen z.B. d'Nimm vu Kanner oder Conjointe vu Leit aus Artikele geläscht, well déi selwer näischt gemaach hunn, wat se bekannt gemaach hätt. Hei awer geet et ëm eppes, dat, wéi uewe beschriwwen, z.B. am Memorial,oder awer am Luxemburger Lexikon steet, déi een nu wierklech net als Geheimdokument bezeechnen kann, an eng Donnée doraus ze zitéieren, e "Forçage" nennen. Souwäit ech mech erënneren, huet d'Equipe vum Luxemburger Lexikon déi Leit, déi net schonns dout sinn, ugeschriwwen, fir hir Donnéeë verifizéieren ze loossen, zum Deel esouguer selwer e Questionnaire ausfëlle gelooss, fir sécher ze sinn, datt alles stëmmt. Et géif mech wonneren, se hätten hei eng Ausnam gemaach... --Zinneke 22:19, 7. Sep. 2011 (UTC)[äntweren]

PS: Aner Quellen fënnt een Hei oder hei oder hei - no just 2 Minutte Guggelen.


No Récksprooch mat engem Jurist vun der Commission nationale pour la protection des données, bieden ech Iech nach emol mäin Gebuertsdag an Gebuertsuert aus allen Wiki-Säiten ze läschen. Ouni meng Zoustëmmung dierfen dës perséinlech Donnéeën net verëffentlecht ginn. An dat och wann se op anerer Plaatz, mat mengem Averständnes gedréckt goufen. Bei Zweiwel un der Rechtslag kënnt Dir Iech gären selwer bei der Comissioun renseignéieren.

Falls dës Donnéeën trotzdem weiderhin vun Wikipedia sollte verëffentlecht ginn, huet den Jurist mech invitéiert eng schrëftlech Plainte bei der Commissioun eran ze reechen; wat ech gegebenenfalls bis Enn vun der Woch maache wärt. Ech géif et jedach perséinlech virzéien, mer kinnten ons dësen juristesche Wee erspueren.

Thierry Simonelli

(PS: Dat nämlecht Gesetz gëllt selbstverständlech och fir di mobil Versioun vu Wikipedia: Wapedia. Merci fir den Hiwäis.)