Diskussioun:Tiflis

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Asien oder Europa[Quelltext änneren]

Wéinst engem Ännerungskonflikt mam Satt 2 hunn ech dësen Artikel emol 2 Woche gespoart, fir datt doriwwer diskutéiert ka ginn. No deenen zwou Woche sollte mer wuel e Konsens fonnt hunn.

D'Fro ass déi, op Tiflis an Europa oder an Asien läit. Oder méi generell, op d'Land Georgien majoritär an Europa oder an Asien läit.

Dat ass guer keng eendeiteg Saach, an zwar net well d'Geologe streide géifen, mee well d'Grenz tëscht Europa an Asien ebe grad keng geologesch ass mee e gesellschaftleche Konsens - dee jee no Zäit a Gesellschaft anescht ass. Fir et kuerz ze man (méi extensiv erkläert d'de-wiki et) am engleschsproochegen an am franséischsproochege Raum ziele se Georgien gréisstensdeels zu Europa, an am germanophone Raum hale se et éischter mam Geograph von Strahlenberg dee Georgien Asien zourechnet.

Fir mech schéngt hei am Ländchen déi follgend Andeelung am wäitsten akzeptéiert ze sinn, déi och déi vun der UNO ass, an déi graff gesot sou ass: Europa hält op beim Bosporus, Kaukasus an Ural.

Dat kann ee wéi gesot anescht gesinn, dowéinst och dei heiten Diskussioun. Se huet hir Auswierkungen iwwregends just op Georgien, well Aserbaidjan wier och am anglo-/francophone Raum majoritär asiatesch. E Kompromëss kéint och sinn, Georgien d'Navigatiounsläischten an d'Kategorië vu souwuel Asien wéi Europa ze ginn. Mee e méi feste Standpunkt hätt seng Virdeeler.

--Otets 11:46, 17. Feb. 2017 (UTC)[äntweren]