Diskussioun:Tinant

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Hunn hei e Link gesaat dee vun Tinant op den François Auguste Tinant féiert.

Mécht een dat esou oder gëtt et eng aner, besser Method heifier ?

Oder soll een dat dem Admin. iwerloossen ? Doncastro 19:05, 2 September 2007 (UTC)

Gudde Moien,

An sou Fäll kann een einfach ee Redirect maachen.

Dat kanns de ganz gäre selwer maachen. Fir ze wësse wéi dat geet brauchs de elo nëmmen op de Reider vum Artikel hei uewendriwwer ze klicken an dann duerno op Änneren da geséis de wéi een dat muss maachen. An dësem Fall ass et elo gemaach ginn. All Matarbechter däerf dat maachen. Les Meloures 19:33, 2 September 2007 (UTC)

Moien, a Merci fir deng intressant Artikelen aus dem naturwëssenschaftleche Rayon.
Ee Wuert zu de "Redirecten": Les Meloures huet Der uewe beschriwwen, wéi dat geet. Allerdéngs ass et net üblech, just de Familljennumm als Lemma ze huelen, an dann op den Artikel, deen an deene meeschte Fäll als "Virnumm_Numm" lematiséiert ass, ëmzeleeden.
"Tinant" als Lemma ass deemno net néideg, et sief, dee Mann wier just ënnert deem Numm bekannt (esou wéi wann et e Pseudonym wier). Dat schéngt mer hei awer net de Fall ze sinn, 't war jo säi Familljennumm.
Zéck net, ze froen, wann s De mat eppes net sécher bass; am Ufank ass dat alles e bëssen 'ongewinnt.'

--Zinneke 08:01, 3 September 2007 (UTC)