Diskussioun:Tossebierg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ass Tossebierg eng Uertschaft ??? Ma dat ass mir nei !! Et ass éischter e "Lieu-dit" !! --Alain 14:08, 3 Abrëll 2006 (UTC)

Dat ass eben di grouss Diskussioun wéivill Haiser eng Uertschaft muss hunn fir eng Uertschaft am geleefege Sënn ze sinn. Ech hale mech ganz einfach un di offiziell Nomenclature des localités du Grand-Duché de Luxembourg sou wéi se am Annuaire officiel verëffentlecht gouf ( http://www.legilux.public.lu/adm/annuaire_officiel/VOLUME1/III_annx/Nomlocal.pdf ) --Pear 15:16, 3 Abrëll 2006 (UTC)

Dem DLW no geet et manner ëm d'Zuel vun den Haiser, well do steet als Definitioun: "klengt Duerf ouni Kierch". --Otets 09:10, 4 Abrëll 2006 (UTC)

Gemengem amplaz Uertschaften[Quelltext änneren]

Waer et net besser als éiescht emol Informatiounen iwert d'Gemengen ze hun an di verschidden Deeler an dei vun de Gemengen ze integréieren? Ech gesin net an fierwaat Bartréng, a Bartréng-Gare, Tossebierg asw soll getrennt ginn? Wann dann iergendee genuch Informatiounen huet fier en extraen Artikel huet da kann daat jo nach emmer gemaat gin. Mee ganz éierlech: um Tossebierg gëtt et näsicht extraes wouriwer sech schreiwe léisst! --Jangli 15:20, 4 Mee 2006 (UTC)

Ma du hues wéi et schéngt ganz Recht: Ausser dem Mamer Lycée mat senger eegener Gare Mamer Lycée , der Moschee Mamer, de sëllechen Ausgruewunge vun den Georges-Kayser-Altertumsfuerscher ganz speziell um Tossebierg, an der neier Mamer Europaschoul ass do net vill lass. Da schreif alt emol déi Artikelen. --Cornischong 00:13, 18 Mee 2006 (UTC)

Ech hat déi Iddi vum Jangli och schon, dass een, soulaang d'Artikele vun de Gemenge relativ moer sinn, déi eenzel Saachen am Gemengenartikel loosse kéint. Wann et iergendwann zevill grouss gëtt, kann een et duerno nach ëmmer splécken. Also am Beispill vum Walfer Schlass oder änlechem, dass een soueppes mol fir d'éischt an de Gemengenartikel selwer schreiwt. --Briséisβρισεισ 07:29, 18 Mee 2006 (UTC)

Mäi Feeler: Ech hätt missen derbäischreiwen, datt mäin Text ironesch gemengt war! Wa jiddereen emol géif iwwer eng eenzeg (méiglegerweis iwwer seng) Gemeng géif nofroen (um Net oder op der Gemeng selwer) da wiere mer net sou aarmeséileg dru mat de Gemengen a mat den Uertschaften. Et ginn nawell Gemengewebsäiten, déi gutt austafféiert sinn. Op déi Manéier hätte och méi Saachen iwwer Lëtzebuerg (a sengen historeschen oder aktuelle Grenzen), en Thema dat mär vernoléissgt virkënnt. Soulaang an der däitscher Wikipedia méi Artikele stinn iwwer lëtzebuergesch Foussballequippe wéi hei (fir emol en Thema ze huelen, dat mech net intresséiert), wa mer aus der däitscher Wikipedia musse Fotoe vu Lëtzebuerg importéieren (Stater Gare nuets ...), da misste mer eis Gedanke maachen. Fir elo laanscht d'hätte sollen, hätte besser gehat, hätte kéinten ze kommen: Glécklecherweis hu mer dee gréissten Deel vun den Uertschaftsartikelen, (oder Garen, Kierchen, Millen, Eisebunnslinnen, Museken ..) mol opgesat. Wa mer lo nach méi Leit hätten, déi eppes géifen draschreiwen. Datt Lëtzebuerg e Schachspiller huet, deen zur Weltklass gehéiert, liese mer an der däitscher, mee net hei. D'Octave ass amgaangen, eis däitsch Frënn waarden op en Artikel, deen s'iwwersetze kënnen. --Cornischong 09:33, 18 Mee 2006 (UTC)