Diskussioun:Voiture Wegmann CFL

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Waren déi Voituren net ugestrach?

Les Meloures 10:38, 14. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]


Am Volleksmond[Quelltext änneren]

Ech wier gespaant fir ze wësse wéivill Leit den Numm vun esou Voiturë wëssen oder gewosst hunn. De Volleksmond geet eréischt bei engem relativ héije Prozentsaz vun der Bevëlkerung un. Et wier vläicht gutt wa mer net esou iwwerzegt wieren datt all Mënsch zu Lëtzebuerg den Insiderjargon kennt.

Les Meloures 12:09, 15. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]


Déi selwecht? Wierklech?[Quelltext änneren]

wat aussergewéinlech war, well souwuel déi däitsch ewéi och déi éisträichesch Eisebunn bei der Firma Wegmann déi selwecht Voituren am Sëlwer kaaft hunn.

Soll dat alt stëmmen?

Les Meloures 21:41, 15. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

Bei den 2 Gesellschaften sinn bis an d'1990er Joren(an Daitschland ginn et se nach emmer)sou Voituren am Regional Traffic agesat gin. Et huet mer interessant geschéngt d'Relatioun ze man, an ze erwähnen wou dat Material soss nach agesat gouf. Den Uewerbegreff "Silberlinge" gëtt och vir aanert Material benotzt, mee d'Firma Wegmann huet och esou Material produzéiert. Vir di daitsch Sait, kennt der hei kucken: http://de.wikipedia.org/wiki/N-Wagen#Allgemeines

--Luxmaster051 06:20, 16. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]


Moien,

Mer wëssen och, wou mer déi aner Artikele fannen. Et geet net dorëms et geet drëm, datt dat wéi ons steet korrekt ass. D'Silberlinge hunn de Wegmann-Voiture vum CFL geglach, waren awer net 100 % identesch. Dovunner ofgesinn goufen déi net nëmme vu Wegmann produzéiert. D'CFL-Vvoituren hate 6 Fënsteren an der Mëtt, déi aner nëmme 5.

Se goufen och net nëmmen an Däitschland an an Éisträich verkaaft. D'Silberlinge waren och net am Sëlwer, se waren am poléierten Nirosta. Doriwwer eraus goufen et der déi ugestrach waren. Sou Pauschalaussoen déi net honnertprozenteg stëmmen, falen souguer Leit op déi net Spezialist sinn.

Et wier och flott wa mer e bësselchen Technesches gewuer géifen, wéi d'Bremsen, den Heizsystem, d'Bogien, d'Raddimensiounen, d'Längt iwwer Puffer, wéivill Plazen se haten, water Vitessen datt se konnte lafen, a.s.w.

Ech hunn emol d'Chronik vun den CFL-Voituren als Link derbäi gesat, datt een e bëeselche ka kucken, wat mat de Voiture geschitt ass a wéi se numeréiert waren.

Net alles wat Insideren sou evident erschéngt, ass dat fir jiddwereen.

Les Meloures 08:43, 16. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]