Diskussioun:Vugelsmillen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Ass net duerch Zoufall bekannt wéi dee Grof de Villers nach geheescht huet?

Les Meloures 19:38, 12. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

Op Legilux ass vill gewuer ze ginn:
1877 geet riets vun der Famill de Villers de Liederkerke, déi Terrain huet missen hirginn fir d'Strooss vum Grondhaf laanscht d'Iernz kënnen ze bauen.
1880 gëtt et e Riichter de Villers um Bezierksgeriicht Lëtzebuerg.
1883 gouf dem Charles-Victor-Camille de Villers säin Titel "Comte" vum Groussherzog confirméiert. Hie war e fréieren Kavallerie-Offizéier a Proprietaire vum Schlass "Born"
1902 hat den Hippolyte de Villers, Chambellan vum Groussherzog, follgend Missioun: Hie war "Secrétaire pour les affaires d'état et chargé d'affaires auprès de S.M. l'empereur d'Allemagne, roi de prusse" bei Geleeënheet vum Ausschaffe vun der Convention d'exploitation des chemins de fer Guillaume-Luxembourg.
Den Emil Erpelding schreift a sengem "Die Mühlen des Luxemburger Landes": Bereits vor dem ersten Weltkrieg (1906) veranlasste der Graf de Villers den Vogelsmüller, ihm die Mühle mit dem Bering zu verkaufen. ... Die Vogelsmühle wurde nicht mehr benutzt, zerfiel immer mehr, bis sie um 1960 endgültig niedergerissen wurde. --Pecalux 10:02, 13. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]


-- Pecalux 10:02, 13. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

Nom Doud vum Grof Victor-Charles-Camille de Villers (1810-1895) an deem senger Fra, der Baronin Demetria-Robertine-Alphonsine de Tornaco - de Liederkerke-Beaufort (?-1896) koum et Enn 1897 zu enger Ierfdeelung vu 409,24 ha Grondbesëtz an der Gemeng Beefort ë.a, woubäi d'Kanner Hemine de Villers, Hypolithe de Villiers a Lammoral de Villiers geieft hunn. (Quell: Helbach, Jos, "Der Private Grundbesitz in Luxemburg im 19. Jahrhundert, S. 210 - 211) --Fliedermaus 11:20, 13. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]