Diskussioun:Wäiss Iernz

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ernz oder Iernz[Quelltext änneren]

Ech sin der Meenung, dass daat richtegt lëtzebuerger Wuert Iernz, an nët Ernz, ass. --Menhir 20:34, 15 Januar 2006 (UTC)

Gudden Owend. Mat der "Ernz" leie mer wierklech falsch. Eisen Dictionnär gëtt dräi Nimm un. Ech maache dat an d'Rei. Zu de Fotoen: Den Artikel kënnt mer vir wéi e Fotoalbum. Iwwer d'Iernz steet kaum eppes dran,den Text ass auserneegerapptan do si riseg Fotoen, op deenen een awer duerch den enorme Kontrast kaum eppes erëmerkennt. Kann een déi net mat engem Fotobeaarbechtungsprogramm an d'Rei kréien? --Cornischong 21:16, 15 Januar 2006 (UTC)

Déi Foto mat der Schleis hunn ech e Batz opgehellt. Lo ass se an der Rei. Wann s de eppes iwwer d'Franckemillen (ass et mat ck?) weess, da wier et ganz interessant, en eegenen Artikel iwwer déi ze maachen. Wann s de Fotoen hues, awer keen Text ass et net wieder schlëmm, ech hunn do ebësse Material. Wann sde Problemer hues mat dem Kontrast op de Fotoen, an du hues nach keng Gewunnecht fir drun ze bastelen, da so mer Bescheed. ok? --Cornischong 21:40, 15 Januar 2006 (UTC)