Diskussioun:Wëllem vun Nassau-Weilburg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

et bestit sech kee méi, oder dach?[Quelltext änneren]

Wann an engem Artikel steet "1813 bestuet hie sech mat der .....", an et fënnt sech een, dee weess, datt an der drëtter Persoun d'Verb bestueden "hie bestit" ass, dann ass dat u sech an Der Rei. Wann duerno en aneren dat "bestit" nees zréck"verbessert" op "hie bestuet", da kann ee sech froen, ob deen dat esou mengt, oder datt en et vläicht am "LES VERBES LUXEMBOURGEOIS" nogekuckt huet. De Witz bei der ganzer Stori ass, geet do net vill Zäit mat "verbessere" verluer. An dat schéinst ass: Am Verbebuch steet op der Säit 89 "bestueden, bestiits, bestit, bestuet. An d'Moral vun der Geschicht: Verbesser näischt méi, well iergendeng Kéier kënnt een, deen et extra gutt mengt, an et ännert. --Cornischong 22:55, 23. Abr 2008 (UTC)