Diskussioun:Walter Jackson Ong

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

A "literacy" bedeit op Lëtzebuergesch "Literalitéit"? Do sinn ech awer platt! --Cornischong 20:43, 1. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Wann dat elo net vun der Uni Essen komme géif, dann hätt ech gesot datt ech alt nees zu Onrecht der de-wiki vertraut hunn, mee esou weess ech net richteg. Den Duden kennt et emol net, dat ass sécher, grad esou wéineg wéi Oralitéit. Den Ong war wuel bei orality selwer kreativ an do wollten déi zu Essen him dat noman. Solle mer elo grad esou kreativ sinn an et esou stoeloossen oder solle mer et mat "Schwätzen a Schreiwen" oder mat "Mëndlech a Schrëftlech Fäegkeeten" iwwersetzen? --Otets ♣ 21:11, 1. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Datt de Saz "Ong zählte seit den 50er Jahren zu den prominentesten kanadischen Intellektuellen in den USA." bei eis "deen zënter den 1950er Joren zu de prominentesten Intellektuellen an den USA gehéiert huet." heescht ass schonns e bësse speziell. Mee et ginn nach méi "lomesch Saachen": De Spaweck-Link dee bei eis "D'Liewe vum Walter Ong – Saint Louis University" genannt gëtt, ass scho ganz bosseg. Fir d'éischt kënnt eenop eng Säit, op där kee Wuert iwwer den Här Ong säi Liewe steet, ausser datt de Mann gestuerwen ass!! Da liese mer "For more information on Walter J. Ong and his legacy click here.". An da klicke mer op deen "here" a wat fanne mer? Da si mer gerett, well do steet uewen "Welcome to rememberingwalterong.com" . Mee do hu mer eng Auswiel: Deen éischte Link ass "Walter Ong". Mer klicken natierlech drop a landen op dëser Säit ( http://www.rememberingwalterong.com/sale/vacation/cruise/hotel/walter_ong.htm ) An op där steet ë.a. ënnen: "Need Cash? Click Here for Fast Cash". - - Eis Bibliographie ass einfach vun der de.Wiki gekoppipéisst, ouni ze kucken, ob et déi Bicher gëtt. Et steet och kee Verlag do. "zënter den 1950er Joren zu de prominentesten Intellektuellen an den USA" : an der Britannica steet en net dran. "Need Cash? Click Here for Fast Cash" --Cornischong 23:22, 1. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Dat mat Kanada ass mer och bosseg virkomm a wann d'Britannica en net kennt da setze mer dat zréck. De Link op de Walter J. Ong Project verschwënnt deemno och. Wéinstens d'Bicher vun deem Mon gëtt et wierklech ze kafen. --Otets ♣ 01:25, 3. Mee 2008 (UTC)[äntweren]