Diskussioun:Warnschëld

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Salut,

Déi Saach mat den Interwikien ass quokeleg. Ech fäerten datt d'Botte sech net un d'Spillregelen an deem Fall halen. Ech hat geduecht et kéint en d'Säit géint Bote protegéieren, dat schéngt awer net dran ze sinn. Vläicht wier do eng Interventioun um Internationalen Niveau néideg, fir datt déi Méiglechkeet kann agebaut ginn, datt e keng falsch Interwikien duerch Botte kritt. Les Meloures 23:29, 27. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Einfach déi falsch Interwikilinken op e puer vun deenen anere Wikien ännere goen (net läschen, mee richteg verlinken). Wann d'Boten net aus engem Dump fëschen, da misste se dann an e Konflikt kommen, deen de Botmeeschter vun Hand decidéiere muss. Vläit nach esou engem Botmeeschter geschriwwen, da misst dat klappen. --Otets ♣ 00:15, 28. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Moien,
Aa schonns hu mer Misär mat den Intewikien
Les Meloures 08:25, 28. Mee 2008 (UTC)[äntweren]
Da schreif dem hollännesche nl:Gebruiker:Thijs! wat säi Bot falsch gemat huet, fir datt deen dat en compte kann huelen. --Otets ♣ 09:25, 28. Mee 2008 (UTC)[äntweren]
Warnschëld

N'Owend,

Zu Lëtzebuerg hu mer e ganze Koup méisproocheg Warnschëlder. Wier et net flott dorop am Artikel anzegoen (Reglement?! - wann ech eppes dozou wéisst, géif ech et jo och alt selwer maachen :) an eventuell esouguer eng Foto vun deeës Gedéiesch ze knipsen (hu just eng, an déi ass méi oder manner an der Rei bis schappeg). Eng Iddi! --Kaffi 22:04, 28. Mee 2008 (UTC)[äntweren]