Diskussioun:Wierker inspiréiert duerch d'Jeanne d'Arc

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Wierker inspiréiert duerch d'Jeanne d'Arc": Kann et sinn, datt eppes "vun" eppes aneres inspiréiert ass? --Cornischong 00:06, 24 November 2006 (UTC)

Ah jo d'Rieder vu mengem Auto ginn duerch d'Gaspedall inspiréiert well wann ech do drop drécken da lafe se méi séier :-)) Les Meloures 00:12, 24 November 2006 (UTC)

"d' Falconetti huet och e Virnumm an souguer zwéin": Dat kéint ganz gutt sinn. Fir matzekréien, wéi komplizéiert dat ass geet e Bléck an d'fr-Wiki mol fir den Ufank duer, do steet de "ganzen" Numm als "Maria Rinalda Falconetti". An der ImdB steet se souguer ënner "Maria Falconetti". De Katz féiert se an der "Film Encyclopaedia" als "Renée (Maria) Falconetti". Beim Dreyer leeft se ënner "Mlle Falconetti" oder am Prinzip "Falconetti". Dee Fall ass guer net einfach. D'Welt ass komplizéiert. --Cornischong 21:13, 30 Abrëll 2007 (UTC)

Ech hunn et mol op Renée Jeanne Falconetti verlinkt, dat schengt mol sou wéi de Warren Boroson vum Daily Record seet richteg.
Hie schreift dat hei:
Her name was Renee Jeanne Falconetti. Her daughter, Helene Falconetti, in a letter to me now in the New York Public Library Theatre Division, states that she does not know where the wrong name 'Maria' originated.
Mee et ka jo och sinn datt dee litt. Alles ass méiglech Les Meloures 21:24, 30 Abrëll 2007 (UTC)