Diskussioun:Zolwerknapp

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Geomorphologesch gesinn handelt et sech em en Zeiebierg den der Schichtstuf vum Bajocium ("Minett") virgelagert ass.": Dat muss eisereen awer nach erkläert kréien. Merci am Viraus. --Cornischong 11:48, 18 August 2005 (UTC)

Ech probéieren et emol, den text aus dem Artikel ass zwar net vu mier, mee et stemmt: Um beispill vum Pëtz geseit een et ganz gudd! De Pëtz ass ca. 46m déif (wees et nach net genee, ass bis elo déi eenzech Zuel dei ech fonnd hun)... zum Beispill op ca. 10m déift, giff een eng bestemmte Gesteensschicht gesin (wees elo net genee wéi eng)... op ca. 20m déift huet een dann nees eng aner Gesteensschicht... den enneschte Buedem ass dann den typesche Minettsbuedem... --JimHawk 12:01, 18 August 2005 (UTC)

d'Erklärung steet am Artikel SchichtstufMarcus 12:31, 18 August 2005 (UTC)

En Zeiebierg kann net virun enger Schichtstuf leien ("virgelagert"), en Zeiebierg steet leng an der Landschaft, net nëmmen am Minett ewéi den Zolwerknapp, de Loetschet, de Pakebierg, mee och soss am Gutland wéi z.Bsp. de Widdebierg. --Matthias 15:54, 9 Abrëll 2006 (UTC)

"En Zeiebierg kann net virun enger Schichtstuf leien", dach well et ass en Iwwerrescht vun deer. Esou eleng steet en Zeiebierg net an der Landschaft well "hannandrun" ass ëmmer déi entsprichent Schichtstuf ze fannen. Wann ech "Zeugenberg" a "vorgelagert" zesumme googlen, fannen ech zimelech dachs den Ausdrock "der Schichtstuf virgelagert" o.ä., esou datt ech unhuelen datt dat kéint déi richteg Terminologie sinn, wann s de eng besser kenns da so se a et gëtt ersaat. --Marcus 08:41, 10 Abrëll 2006 (UTC)

Marcus, du hues u sech recht, mee dat "virgelagert" gefällt mir net, well ech dann de Bierg direkt virun der Schichtstuf gesi leien, an dat stëmmt jo awer net. Ronderëm de Bierg geet et ob alle Säiten biergof, en ass däitlech vun der Schichtstuf getrennt, besonnesch eise Knapp. Kuck mol, wanns de aus der Stad iwwert d'Autobunn ob Esch fierts, hëls de et gutt anuecht. Matthias