Distrikt Miersch

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Den Distrikt Miersch huet vun 1857 bis 1867 bestanen. En huet sech aus de Kantone Miersch (1) a Réiden (2) zesummegesat.

Den Distrikt Miersch war vum 30. Mee 1857[1] bis de 4. Mee 1867[2] ee vun de véier Lëtzebuerger Distrikter déi et an deem Zäitraum gi sinn. D'Distriktskommissariat war zu Miersch.

Den Distrikt Miersch huet aus zwéi Kantone bestanen:

  1. Miersch
  2. Réiden

Wéi den Distrikt Miersch 1867 opgeléist gouf, gouf de Kanton Miersch un den Distrikt Lëtzebuerg an de Kanton Réiden un den Distrikt Dikrech ugehaangen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (fr)Ordonnance royale grand-ducale du 30 mai 1857 portant établissement d'un commissariat de district à Mersch. legilux.lu (03.06.1857). Gekuckt de(n) 12.07.2020.
  2. (fr)Loi du 4 mai 1867 portant suppression du commissariat de district de Mersch. legilux.lu (15.06.1867). Gekuckt de(n) 12.07.2020.