Domaine de la Romanée-Conti

Vu Wikipedia

Den Domaine de la Romanée-Conti ass den eenzege Proprietär vu Wéngerten zu Romanée-Conti selwer an zu La Tâche, an de gréisste Proprietär vu Richebourg, Romanée-Saint-Vivant, Grand-Échezeaux a Montrachet. Den Domaine ass bekannt wéinst senge Grand-Cru Lagen. Hir Wäiner kommen aus Wéngerte mat zimmlech schwaachem Rendement. Hir Drauwe ginn am grousse Ganze ganz spéit gelies, a laang gäre gelooss. D'Temperatur wärend der Gärung ass och relativ héich. Duerno gi se 18 Méint an Eechefässer roue gelooss a si ginn net ze vill beim Afëlle gefiltert. Doduerch entsti ganz räich a staark Wäiner mat engem volle Geschmaach. Et si Wäiner déi sech ganz gutt halen (25 Joer a méi). Duerch déi limitéiert Produktioun si se ganz schwéier um Wäimarché ze fannen.

Si kënnen als de Modell vu sämtleche gudde Burgunder-Wäiner betruecht ginn.

Grands-Cruse vun der Côte de Nuits[änneren | Quelltext änneren]

  • Bonnes Mares
  • Chambertin
  • Chambertin-Clos de Bèze
  • Chapelle-Chambertin
  • Charmes-Chambertin
  • Clos des Lambrays
  • Clos de la Roche
  • Clos St-Denis
  • Clos de Tart
  • Clos de Vougeot
  • Échezeaux
  • La Grande rue
  • Grands Échezeaux
  • Griotte-Chambertin
  • Latricères-Chambertin
  • Mazis-Chambertin
  • Musigny
  • Mazoyères-Chambertin
  • Richebourg
  • La Romanée
  • La Romanée-Conti
  • Romanée-Saint-Vivant
  • Ruchottes-Chambertin
  • La Tâche

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: La Romanée-Conti – Biller, Videoen oder Audiodateien