Don LaFontaine
Ausgesinn
| Don LaFontaine | |
|---|---|
| Gebuer |
26. August 1940 Duluth |
| Gestuerwen |
1. September 2008 Los Angeles |
| Alter | 68 Joer |
| Doudesursaach | Krankheet vun den Otemweeër |
| Nationalitéit | USA |
| Aktivitéit | Synchronspriecher, Schauspiller, Speaker |
| Websäit | http://www.donlafontaine.com/ |
|
| |
Den Donald ("Don") LaFontaine, gebuer den 2. August 1940 zu Duluth, a gestuerwen den 1. September 2008 zu Los Angeles, war en US-amerikanesche Stëmmschauspiller, dee berüümt ass fir eng 5.000 Film-Traileren a méi wéi 350.000 Televisiounsreklammen, Programmhiwieser a Videospiller den Text geschwat ze hunn.
Duerch seng streng a schwéier Stëmm krut hien de Spëtznumm Thunder Throat, The Voice of God oder einfach The Voice.[1] E vill gebrauchte Saz "In a world..." vun him ass praktesch zu engem Cliché ginn.
