Download-Manager

Vu Wikipedia
Screenshot vum Download-Manager KGet

En Download-Manager ass e Computerprogramm, deen et dem Benotzer méi einfach mécht, Ressourcen aus dem Internet op de Computer erofzelueden. Zu deene Ressourcen ziele Museks- a Filmdateien, Biller, Programmer, asw.

Et gi verschidden Zorten Download-Manageren. Déi eng si sougenannte Peer-to-Peer-Programmer, bei deenen de Benotzer Deel vun engem Netzwierk ass. Un dat Netzwierk sinn all d'Computeren ugeschloss, op deenen de Programm installéiert ass a leeft. Eng aner Zort sinn déi reng Upload-Programmer. Si mussen och installéiert sinn, mä de Programm geet d'Donnéeën direkt op den Internet sichen a luet se do direkt erof. An deenen zwéi Fäll kann de Benotzer awer ni sécher sinn, datt dat, wat e sicht, an dat wat een da fënnt, schlussendlech och identesch ass.

Dovun ofgesi si Fichiere vun de Peer-to-Peer-Programmer normalerweis gratis, well grousst Netzwierker, déi iwwer d'ganz Welt verdeelt sinn schwéier bis guer net ze kontrolléiere sinn. Bei Programmer, mat deene Fichieren direkt vum Internet erofgeluede ginn, muss een dogéint meescht bezuelen.