Drëttel-Reegel
Ausgesinn
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De System vun der Drëttel-Reegel ass an der Fotografie wéi an der Molerei eng Method, fir e bessere Bildopbau ze fannen. Déi Reegel stäipt sech op de Gëllene Schnëtt.
D'Bild gëtt mat Hëllef vun zwou horizontalen an zwou vertikale Linnen an néng reegelméisseg Stécker ënnerdeelt. Wichteg Punkte sinn déi véier Plazen, wou sech déi Strécher kräizen. Sou kritt e Bild méi eng grouss Dynamik wéi e Bild, op deem den Haaptsujet an der Mëtt steet.
Deen am meeschte bekannte Fotograf, bei deem op alle Biller déi Gëlle-Reegel eng elementar Roll spillt, ass den Henri Cartier-Bresson.