Drockknapp

Vu Wikipedia
Déi zwéin Deeler vun engem Drockknapp

En Drockknapp oder Kniks ass en Dispositif fir op eng einfach a séier Manéier zwee Stécker Stoft mateneen ze verbannen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De 5. Mäerz 1885 mellt den Heribert Bauer, e Kniwweler vu Pforzheim, dee schonn en ettlech Erfindunge gemaach hat, beim Keeserleche Patentbüro eng ganz nei Konstruktioun un. Et war e Fiederknappverschloss deen d'Op- an Zoumaache vu Salopetten soll méi liicht maachen. Mä dem Bauer säi Knapp gëtt ni fabrizéiert: e rascht a geet heiansdo op, wann en net soll.

Eréischt 1903 kënnt den Hans Prym, e Mercerie-Fabrikant vu Stolberg, drop, fir den Drockknapp mat enger Fieder auszestafféieren an en aus raschtfräiem Stol ze maachen.

Hautdesdaags fabrizéiert d'Firma "Prym" all Dag 15 Milliounen Drockknäpp. Nëmmen den Tirettefabrikant YKK kann do international mathalen.