Drotseelklemm

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Zeechnung vun enger Drotseelklemm

Drotseelklemme gi benotzt fir bei stole Seeler, Seel-Ennverbindungen ze maachen.

Drotseelklemme fir stole Seeler ginn an der DIN-1142 an EN 13411-5-1 beschriwwen.

Si musse gebraucht ginn, soubal wéi sécherheetstechnesch Ufuerderungen optrieden. Séchertheetstechnesch Ufuerderunge si ginn, wann duerch d'Versoe vun den Ennverbindungen, Persounen oder Material Schued leide kënnen.

Drotseelklemmen aus DIN-1142 däerfen net fir Fërderseeler am Biergbau benotzt dinn, an och net fir Seelsystemer a Schmelzen an a Walzwierker. Seel-Ennverbindunge fir sou Betriber ginn no der DIN-15 020 berechent.

Si däerfen och net gebraucht gi bei Seeler déi Laaschte mussen hiewen, mat Ausnam vun Uschlagmëttelen déi fir e spezifeschen, eemolege Gebrauch virgesi sinn.

Montage vun Drotseelklemmen op engem Seel mat Kausch (gréng agezeechent)

Montage[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Seelklemm muss direkt nieft der Kausch festgemaach ginn. Déi aner mussen duerno all Kéier op d'mannst eng Klemmebreet vuneneen ubruecht ginn. De Klemmbigel däerf ni op deen Deel vum Drotseel kommen deen d'Laascht dréit.

Bezeechnung[änneren | Quelltext änneren]

Beispill:

Eng Drotseelklemm S vun der Nenngréisst 22 gëtt an der DIN-Norm follgendermoosse beschriwwen: Se besteet aus engem Klemmbigel, SA, engem Klemmbak, SB, an zwou Bundmudderen SCI. Déi ganz Bezeechnung wéi se bei Bestellungen no DIN-Norm gebraucht gëtt ass: Drahtseilklemme DIN 1142 - S22.