Eclair

Vu Wikipedia
Eng Eclair

Eng Eclair ass e Patisseriesgebäck dat aus Branddeeg gebak gëtt. Si huet eng längelzeg Form (+/- 15 cm) an ass ongeféier 2.5 – 3 cm déck (net gefëllt).

Wann d'Eclair aus dem Uewe kënnt gëtt se an der Mëtt, de laange Wee no, duerchgeschnidden a mat Crème pâtissière gefëllt. Den ieweschten Deel, deen dann op déi Crème leie kënnt, gëtt mat enger Glasur iwwerzunn déi bei de Goût vun der Crème passt.

Et gëtt och industriell Methode gebraucht fir Eclairen ze baken an ze garnéieren. Dës erkennt een am Prinzip doduerch datt d'Eclair net opgeschnidde gouf fir ze fëllen, an och doduerch datt meeschtens d'Glasur um falschen Deel ass, dat heescht op der flaacher Säit mat där den Deeg an der Pan oplouch.

Et gëtt awer och schonn handwierklech Betriber déi mat Maschinnen ekipéiert si fir Eclairen ze fëllen ouni s'opzeschneiden. Wat d'Glasur op der flaacher Säit ugeet muss een och nach dobäi soen datt regional och an handwierkleche Betriber (z. B. a verschidde Géigenden an der Belsch) sou glaséiert gëtt.

Déi traditionell Eclair huet eng Vanillscrème an ass gewéinlech mat engem kloren Zockergoss oder enger Schockelasglasur iwwerzunn.

Et gëtt dann déi verschiddenst Variante vu Crèmë wéi Schockelas- Vanill- oder Mokkacrème. Méi rar ass Pistasch woubäi een awer och dacks Eclaire mat Schockelasgoût fënnt a bei deenen d'Glasur am Pistasch ass.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eclair – Biller, Videoen oder Audiodateien