Ekonomie

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Economie)

De Begrëff Ekonomie (v. gr.: oïkos - "Haus" an nomos - "verwalten"), oder Wirtschaft (v. dt.: "Wäert schafen") ëmschreift all Ariichtungen an Handlunge vu Mënsche mat dem Zil, déi an der Ëmwelt disponibel Ressourcen an déi vum Mënsch geschaf Ressourcen optimal auszenotzen, fir den Erhalt an d'Sécherheet vum Liewe vun de Mënschen ze garantéieren an ze fërderen, wéi och hir materiell an immateriell Besoinen ze befriddegen.

D'Besoine vum Mënsch kënnen an dräi Beräicher opgedeelt ginn, där hir Reiefolleg eng Privatiséierung bei der Zoudeelung vu Gidder erméiglecht:

D'Ekonomie huet eng Responsabilitéit als eng vun de gestaltende Forcen an der Gesellschaft. Mat dëser Dimensioun vun der Gestaltung ass d'Wirtschaftsethik befaasst. Vill Beroder vun Entreprisë weisen op d'Geforen hin, an déi sech Entreprise beginn, wa se offensichtlech egoistesch handelen an doduerch hire gudde Ruff bei potentielle Clienten a Geschäftspartner schiedegen.

Wat elo d'Lëtzebuerger Wirtschaftsstruktur ugeet, do ënnerscheede mir méi besonnesch d'Landwirtschaft, de Wäibau, an de Biergbau, d'Industrie, den Handel, d'Finanzservicer an déi aner Servicer. Den Akerbau, de Wäibau an de Biergbau gi vun den Ekonomisten als Primäre Wirtschaftssecteur, d'Industrie als Sekundäre Wirtschaftssecteur an den Handel, d'Finanzservicer souwéi déi aner Servicer als Tertiäre Wirtschaftssecteur bezeechent. An deem Zesummenhang hunn d'Ekonomisten Colin Clark a spéider de Jean Fourastié an W.W. Rostow eng Theorie entwéckelt, wouno d'Wirtschaftsentwécklung duerch eng Verschiebung vun den Aktivitéiten aus dem primären an de sekundären an duerno an den tertiäre Secteur gekennzeechent ass.

Ee Standardwierk iwwer d'Ekonomie, Economics: An Introductory Analysis, gouf vum US-amerikaneschen Ekonomist Paul Anthony Samuelson geschriwwen. Et gëtt och an de Schoule benotzt an ass dat Textbuch iwwer d'Ekonomie, dat an der Welt déi gréisst Oplo huet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ekonomie – Biller, Videoen oder Audiodateien