Eemsdelta

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Holland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Eemsdelta
Land Holland
Provënz Groningen
Awunner 45.394 (1. Januar 2023)
Fläch 364,07 km²
Koordinaten 53°20'N, 6°50'O
Websäit https://www.eemsdelta.nl/


Eemsdelta (Gronengesch: Emsdelta) ass eng Gemeng an der Provënz Groningen an Holland mat ronn 45.000 Awunner (2023).

D'Gemeng Eemsdelta ass den 1. Januar 2021 bei der Fusioun vun de fréiere Gemengen Appingedam, Delfzijl a Loppersum enstanen. Den Numm weist drop hin, datt se um Estuaire vun der Ems läit, deen awer am eigentlech Sënn vum Wuert keen Delta ass.

No der Fusioun, sinn well keen adequat Gebai zur Verfügung stoung, déi dräi fréier Märeien a Betrib bliwwen, woubäi d'Gemengerotssëtzungen zu Delfzijl ofgehale ginn an d'administratif Adress an der fréierer Märei vun Appingedam ass.

Nopeschgemengen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eemsdelta – Biller, Videoen oder Audiodateien