Emil von Sydow
Ausgesinn
| Emil von Sydow | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | Theodor Emil von Sydow |
| Gebuer |
15. Juli 1812 Freiberg |
| Gestuerwen |
13. Oktober 1873 Berlin |
| Nationalitéit | Kinnekräich Preisen, Schweden |
| Aktivitéit | Kartograph, Geograph |
| Auteursrechter | Auteursrechter sinn ofgelaf |
| Famill | |
| Papp | Friedrich von Sydow |
| Mamm | Wilhelmine von Sydow |
|
| |
Den Emil von Sydow, gebuer de 15. Juli 1812 zu Freiberg a Sachsen, a gestuerwen den 13. Oktober 1873 zu Berlin, war en däitschen Offizéier, Geograph a Kartograph.
Hien huet 1838 d'Regionalfaarwemethod an der Kartographie agefouert. Bei där Method goufen déi grouss Forme vun der Äerd faarweg op de Kaarte gezeechent.
An de Jore vun 1842 bis 1844 huet hien de Methodischen Hand-Atlas für das wissenschaftliche Studium der Erdkunde erausginn. No 1888 gouf den Atlas vum Hermann Wagner ënner dem Numm Sydow-Wagners Methodischer Schulatlas nei beaarbecht a bis zur 23. Oplo am Joer 1944 weidergefouert.
