Emmanuelle Parèze

Vu Wikipedia
Emmanuelle Parèze
Gebuer 20. Joerhonnert
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Pornofilm-Schauspiller, Theaterschauspiller

D'Emmanuelle Parèze, och Emmanuelle Parèze-Belda ass eng fréier franséisch Schauspillerin, déi mat Rollen am Theater[1][2] an a Pornofilmer bekannt gouf[3][4].

An der Mëtt vun den 1960er Joren ass d'Emmanuelle Parèze fir d'éischt op der Theaterbün opgetrueden[1]. Si ass ënner anerem an TV-Versioune vun Theaterstécker, wéi a La prétentaine (1966, als Emmanuelle Parez) aus enger Serie vun der beléifter Emissioun Au théâtre ce soir opgetrueden[5].

1975 huet d'Parèze d'Carrière als Pornoactrice ugefaangen an huet ënner den Aliassen Danièle Delaude, Danielle Delande, Daniele Deslandes, Inger Hanns, oder ënner dem reellen Numm gefilmt. Si war a ronn 20 Produktiounen, wéi z. B. a Les weekends d'un couple pervers[6], a L'essayeuse an der Haaptroll[7], oder am provokante Shocking ! (1976)[8] opgetrueden. 1983 huet si d'Aktivitéit an der "Industrie" opginn[4].

Vun 1978 un, koum si no an no op Bün zeréck[2]. Hir lescht bekannt Theaterroll war am Stéck Les fils du soleil (1985)[1]. Hiert spéidert Liewen ass onbekannt.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 https://www.lesarchivesduspectacle.net/?IDX_Personne=59529
  2. 2,0 2,1 Archive copy Archivéiert op 2012-07-30. Gekuckt de(n) 2012-07-30.
  3. Fiche op IMDb (en)
  4. 4,0 4,1 Fiche op IAFD (en)
  5. http://kiriloff.free.fr/les_pieces_du_theatre_ce_soir/1966.html#17
  6. http://www.egafd.com/actresses/details.php/id/e00017
  7. https://toutelaculture.com/cinema/dictionnaire-des-films-francais-pornographiques-et-erotiques/
  8. Francis Moury, Dictionnaire des films français pornographiques et érotiques 16 et 35 mm - Serious Publishing, 2011