English Cocker Spaniel

Vu Wikipedia
English Cocker Spaniel
FCI - Standard Nr. 5
Hierkonft Groussbritannien
Klassifikatioun FCI
  • Grupp 8: Apportéierhënn, Sichhënn, Waasserhënn
  • Sektioun 2: Sichhënn
Faarwen Rout; Schwaarz; Schwaarz mat Lou; Brong; Brong mat Lou an Zobel; Bloschimmel; Bloschimmel mat Lou; Brongschimmel; Brongschimmel mat Lou; Orangeschimmel; Schwaarz-Wäiss; Schwaarz-Wäiss mat Lou; Brong-Wäiss; Brong-Wäiss mat Lou; Orange-Wäiss
Héicht um Genéck Ridd: 39-41 cm

Mudder: 38-39 cm

Gewiicht Ridd: zirka 12-14,5 kg

Mudder: zirka 12-14,5 kg

Lëscht vun den Hondsrassen

De Cocker Spaniel ass eng vun der FCI (Nr.5, Gr.8, Sek.2) unerkannt brittesch Hondsrass.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Cocker Spaniel si Juegdhënn mat engem seideg blenkege Pelz, dee flaach um Kierper uläit. En ass mëll an dicht, an um Kapp kuerz, dofir awer un den Oueren, der Broscht, dem Bauch, de Been an um Schwanz laang. Cocker Spaniel gëtt et mat de Fellfaarwe Rout, Schwaarz, Schwaarz mat Lou, Brong, Brong mat Lou an Zobel, Bloschimmel, Bloschimmel mat Lou, Brongschimmel, Brongschimmel mat Lou, Orangeschimmel, Schwaarz-Wäiss, Schwaarz-Wäiss mat Lou, Brong-Wäiss, Brong-Wäiss mat Lou an Orange-Wäiss. De Kierper ass kompakt an e bësse méi grouss (Ridd bis zu 41 cm, Mudder bis zu 39 cm) wéi beim American Cocker Spaniel. De Rëck ass riicht a fält zu de Lenden hi liicht erof. Den English Cocker Spaniel besëtzt en déiwen, gutt ausgebildete Broschtkuerf a laang, déif ugesetzt hänkeg Oueren. Déi grouss Ae sinn entweeder däischter oder hieselnossbrong. Seng Nues ass zimmlech grouss a passt faarflech zu der Faarf vum Pelz. D'Schness ass eckeg, de Kiefer kräfteg a muskuléis, an déi fiicht Been si staark a riicht. E besëtzt zudeem och muskuléis hënnëscht Been an e Schwanz, dee mat dem Reck eng Linn bilt. Se gëtt op der Héicht vum Rëck gedroen. D'Patte si fest an hu kräfteg Ballen. Fréier goufen d'Schwänz nach kopéiert, wat haut allerdéngs nëmmen nach an England gemaach däerf ginn.

Verwendung[änneren | Quelltext änneren]

De Cocker Spaniel eegent sech als Juegd-, Spiir-, Apportéier- a Familljenhond.

Charakter[änneren | Quelltext änneren]

E Cocker Spaniel ass een temperamentvollen, lëschtegen, unhängleche sensiblen a virun allem sturen Haushond. Déi Rass ka sech gutt upassen, brauch awer reegelméisseg a fërdernd Beschäftegung, fir fit ze bleiwen. Well déi Rass sou verfroossen ass, datt se scho bal zu deene Rasse gehéiert déi bis elo am meeschte Friemkierper aus dem Mo operéiert kruten, muss een op e gutt Verhältnes vu Fudder a Beweegung oppassen. Virun allem fir Apportéierübungen a Schwamme kann een deen Hond begeeschteren.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: English Cocker Spaniel – Biller, Videoen oder Audiodateien