Enid Blyton

Vu Wikipedia
Enid Blyton
Gebuertsnumm Enid Mary Blyton
Pseudonym Mary Pollock
Gebuer 11. August 1897
London
Gestuerwen 28. November 1968
Hampstead
Doudesursaach Alzheimer
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Schrëftsteller, Romancier, Dichter, Schoulmeeschter, Kannerbuchauteur, Dréibuchauteur, Enseignant
Famill
Bestuet mat Hugh Alexander Pollock
Kanner Gillian Baverstock

D'Enid Mary Blyton, gebuer den 11. August 1897 zu Dulwich, London Borough of Southwark, an do och gestuerwen den 28. November 1968, war eng englesch Schrëftstellerin vu Kannerbicher, eng vun de bekanntsten Auteuren aus deem Genre vum 20. Joerhonnert.

Si huet iwwer 750 Bicher an iwwer 10.000 Kuerzgeschichte geschriwwen, haaptsächlech an den 1940er an 1950er Joren. Bis haut ass d'Enid Blyton mat méi wéi 600 Millioune verkaafte Bicher international eng vun de Kannerbuchauteure mat deem gréisste kommerzielle Succès.[1] Hir Bicher goufen an iwwer 100 Sproochen iwwersat.

Besonnesch populär waren hir Serien Adventure, The Famous Five (de: Fünf Freunde), Mystery of (de: Geheimnis um...), The Secret Seven (de: Die Schwarze Sieben), The Barney Mystery Series (de: Rätsel um...), The Secret Series (z.D. och The Adventurous Four; de: Die Arnoldkinder, spéider: Die verwegenen Vier), The Naughtiest Girl (de: Lissy), Malory Towers (de: Dolly), Six Cousins (de.: Famile Langenfeld, spéider: Sechs Kinder, a St. Clare's Series (de: Hanny und Nanny). A Groussbritannie war besonnesch d'Noddy-Serie ganz populär.

Déi däitsch Verlager, wou d'Bicher an Iwwersetzung erauskoumen, hunn alt vu Ghostwriteren, weider Bänn bei deene Serien, déi vill Succès haten, derbäischreiwe gelooss, oder Geschichten aus Serië mat manner Succès an Episoden aus där mat méi Succès ëmschreiwe gelooss.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • The Story Of My Life,1952 (Autobiographie)
  • Gillian Baverstock: Tell Me About Writers: Enid Blyton, Evans Brothers Ltd, 2003, ISBN 0-237-52619-0 (new edition)
  • Almut Prieger: Das Werk Enid Blytons. Eine Analyse ihrer Erfolgsserien in westdeutschen Verlagen, dipa-Verlag, Frankfurt am Main 1982. ISBN 3-7638-0114-6
  • George Greenfield: Enid Blyton (Pocket Biographies), 1998, Sutton Publishing Limited, ISBN 0-7509-1633-8
  • David Rudd: Enid Blyton And The Mystery Of Children's Literature, UK: Macmillian Press Ltd., ISBN 0-333-74718-6 und US: St. Martin's Press, Inc., ISBN 0-312-23212-8
  • Barbara Stoney: The Enid Blyton Biography, London 1992, ISBN 0-340-58348-7, als Hardcover 1974, ISBN 0-340-16514-6

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Enid Blyton – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Artikel op Spiegel Online