Enrico Caruso

Vu Wikipedia
Enrico Caruso
Pseudonym Karuzo, Enriko‏
Gebuer 24. Februar 1873
Provënz Neapel
Gestuerwen 2. August 1921
Neapel
Doudesursaach Longekriibs
Nationalitéit Kinnekräich Italien
Aktivitéit Operesänger
Lucia di Lammermoor (1908).

Den Enrico Caruso, gebuer de 25. Februar 1873 zu Neapel, a gestuerwen den 2. August 1921 bei Neapel, war en italieeneschen Tenorsänger.

Den Errico, wéi hie laang geheescht hat, war dat 18. Kand an der Famill an dat éischt, dat iwwerlieft huet. Säi Papp war an der Jute-Industrie zu Neapel beschäftegt. Fir an d'Schoul ze goen, waren net genuch Suen do, a sou ass de jonken Errico mat zéng Joer als Hëllefsaarbechter schaffe gaangen.

Ugefaange mat Sangen huet de Caruso als Jugendlechen. Hie war member an engem Chouer, huet eng kleng Roll gesongen an enger lokaler Operretteproduktioun an huet vun 1891 u Stonne geholl fir seng Stëmm ze trainéieren. 1895 koum déi éischt Roll an enger Oper, dem Donerio Morelli seng L'amico Francesco, déi et op zwou Opféierunge bruecht huet. No e puer rouege Faust a Cavalleria rusticana-Owender, ass de Caruso op Neapel sange gaangen. Duerno koum et zu enger Tournée an Egypten. Dat huet him et erméiglecht, e puer méi zolidd Rollen anzesangen. E richtege Succès hat hien dunn zu Neapel, dës Kéier am grousse Mercadante Theater, wou en ugefaangen huet mat Belcanto-Repertoire wéi dem Gaetano Donizetti senger Lucia di Lammermoor.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Enrico Caruso – Biller, Videoen oder Audiodateien