Epinephelus lanceolatus

Vu Wikipedia
De lëtzebuergesche Begrëff fir dëst Lemma ass eng Kreatioun vun engem Wikipedia-Auteur. En ass senges Wëssens bis ewell soss néierens nogewise ginn. Wier dat dach de Fall, soll dës Schabloun ewechgemaach an d'Quell ugi ginn. Wann a Fachkreesser en aneren Numm existéiere géif, sollt den Artikel natierlech deementspriechend geännert ginn.
Grondsätzlech ass et net un der Wikipedia, Konzepter z'erfannen. Allerdéngs wier hei d'Alternativ gewiescht, datt et soss guer keen Artikel iwwer dëse Sujet géif.
E Risenzackebarsch am Georgia Aquarium, zu Atlanta.

De Risenzackebarsch (Epinephelus lanceolatus) ass eng Barschaart, déi a Koralleriffer lieft. E ka bis zu 3 m laang a 400 kg schwéier ginn, an ass domat dee gréisste Knachefësch, deen et momentan gëtt.

Risenzackebarschen hunn déi typesch Physionomie vu Barschen, mat enger viischter, haarder, an hënneschter, mëller Réckefloss. Wéinst hirer grousseger Maul hu si sou eng "granzeg Kuck".

Se liewen am Roude Mier, am Indeschen Ozean an am westleche Pazifik tëscht Südjapan, Hawaii an Neikaledonien. Risenzackebarsche liewe souwuel a Lagunen, ass wéi och a Bausseriffe bis an enger Déift vun 100 Meter.

Et sinn Eenzelgänger, déi a Revéiere liewen an dës verdeedegen. Et si Fleeschfrësser, déi sech haaptsächlech vuKriibsdéieren, virun allem Langusten, a Fësch ernieren. Heiansdo friesse se och kleng Mierschildkröten a kleng Haien.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Epinephelus lanceolatus – Biller, Videoen oder Audiodateien