Erënnerungsplack Kënzeg
Ausgesinn
Monument mat Erënnerungsplack um Buedem | |
Typ | Gedenkplack |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Käerjeng |
Plaz | Kënzeg |
Ageweit | 1983 |
D'Erënnerungsplack zu Kënzeg ass e klengt Monument bei der Maximäinskapell zu Kënzeg dat drun erënnert datt déi däitsch Besatzer am Ufank vum Zweete Weltkrich do, wéi op ville Plazen, de Fräiheetsbam deen 1939 geplanzt gi war, zerstéiert hunn. Plack mam Steen a Form vum Land gouf 1983 op der Plaz wou de Beemche stoung, installéiert.
Um Steen ass eng Plack mat dësem Text:
- FIR
- EIS
- FRÄIHEET
- ---
- GESCHT
- HAUT
- MAR