Espace H2O

Vu Wikipedia
Espace H2O (2012)

Espace H2O ass e Raum fir kulturell Zwecker an der Rue Rattem zu Uewerkuer, deen an engem fréiere Waasserbaseng amenagéiert ass.

De Baseng[änneren | Quelltext änneren]

De Baseng ass op enger Héicht vun 353,3 m an en hat zwou Cuvette mat engem Volume vu jee 1 500 Kubikmeter. D'Pläng stame vun 1910 an de Baseng gouf 1912 fäerdeggestallt.
Bis 1995/96 gouf de Fuussbann an Uewerkuer vun do aus beliwwert.

Am Kader vun de Centenairesfestlechkeete vun der Gemeng Déifferdeng am Joer 2007, gouf de Waasserbaseng vun 1912 renovéiert fir en als kulturell Infrastruktur ze benotzen.

Skulpturen[änneren | Quelltext änneren]

Riets vum Agank steet eng Skulptur mat Stolenträger aus dem ArcelorMittal-Wierk vun Déifferdeng.
Lénks vum Agank steet d'Skulptur Cromosoma 4 vum Paolo Vivian, dem Laureat vum éischte Skulptur-Symposium zu Déifferdeng 2008.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]