Ethelred vu Wessex

Vu Wikipedia
Ethelred vu Wessex
Titelen
Virgänger Ethelbert
Nofollger Alfred
Biographie
Gebuer 837 jul.
Gestuerwen 871 jul.
Papp Ethelwulf vu Wessex
Mamm ?
Geschwëster Ethelbald vu Wessex, Ethelbert vu Wessex, Alfred de Groussen

Den Ethelred vu Wessex (~837-23. Abrëll 871), Jong vum Ethelwulf, war Kinnek vu Wessex als Nofollger vu sengem Brudder Ethelbert ëm d'Joer 865.

Hien hat zwéi Bouwen, wouvun den Aethelwald den Eelste war. Dem Ethelred war et net méiglech déi permanent an ëmmer méi heefeg dänesch Iwwerfäll ze kontrolléieren, déi England verwüst hunn.

De 4. Januar 871 gelénkt et dem Ethelred d'Däne bei der Schluecht vu Reading ze klappen, mä hie selwer kënnt an der Schluecht vu Merton den 23. Abrëll 871 ëm d'Liewen an ass zu Wimborne am Dorset begruewen.

No sengem Doud gouf hie vum Vollek als Hellegen ugesinn. Säin Nofollger gëtt säi Brudder Alfred.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Virgänger:
Ethelbert
Kinnek vu Wessex
Bretwalda

Nofollger:
Alfred