Euphemismus
Ausgesinn
Euphemismus (v. Griich.: eu pheme - "gutt/schéi schwätzen") bezeechent Wierder oder Formuléierungen, déi eng Situatioun méi schéi wéi a Wierklechkeet, onkenntlech oder voiléiert duerstellen. De Géigendeel ass d'Pejoratioun oder ofwäertend Bezeechnung.
Déi linguistesch Theorie vun der Euphemismus-Trietmille seet viraus, datt all Euphemismus iergendwann déi negativ Bedeitung vu sengem Virgängerausdrock unhuele wäert, soulaang déi tatsächlech Verhältnesser sech net veränneren.
Beispiller
[änneren | Quelltext änneren]Alldag
[änneren | Quelltext änneren]- Gëllene Schoss amplaz "eng déidlech Dosis Heroin"
- vollschlank amplaz "fett"
- ënnerprivilegéiert amplaz "aarm"
- aschléiferen amplaz "doutmaachen"
- eng Éiereronn dréinen amplaz "eng Schoulklass widderhuele mussen"
- matenee schlofen amplaz "matenee Sex hunn"
- Präisser upassen amplaz "Präisser erhéijen"
- zu Ettelbréck sinn amplaz "an neuro-psychiatrescher Behandlung sinn"
- zu Schraasseg sinn amplaz "am Prisong sinn"
Politik, Militär
[änneren | Quelltext änneren]- Kollateralschued amplaz "ongewollt Zerstéierung vun zivillen Objeten" oder "ongewollt Ëmbrénge vun Zivilisten"
- Friendly fire amplaz "iertemleche Beschoss vun eegenen oder alliéierte Sträitkräften"
- nationalsozialistesch Euphemismen: Konzentratiounslager, Endléisung, Sonderbehandlung
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Rada, Roberta: Tabus und Euphemismen in der deutschen Gegenwartssprache: mit besonderer Berücksichtigung der Eigenschaften von Euphemismen. Akad. Kiadó, Budapest 2001, 212 S., ISBN 963-05-7817-4
- Holder, R. W.: How Not to Say What You Mean: A Dictionary of Euphemisms, Oxford Paperback Reference S., Oxford University Press, 2003.
- Zöllner, Nicole: Der Euphemismus im alltäglichen und politischen Sprachgebrauch des Englischen. Lang, Frankfurt am Main 1997, 444 S., ISBN 3-631-31653-4 (Zugl.: Hamburg, Univ., Dissertation 1997)
- Luchtenberg, Sigrid: Euphemismen im heutigen Deutsch: mit e. Beitr. zu Deutsch als Fremdsprache. Lang, Frankfurt am Main 1985, ISBN 3-8204-5419-5 (Bonn, Univ., Diss., 1975 u.d.T.: Luchtenberg, Sigrid: Untersuchung zu Euphemismen in der deutschen Gegenwartssprache)