Europäesche Weltraumfuerschungs- an Technologiezentrum

Vu Wikipedia
ESTEC-Gebai, mam Modell vum ERS-Satellit

Den Europäesche Weltraumfuerschungs- an Technologiezentrum (engl. European Space Research and Technology Centre - ESTEC) mat Sëtz zu Noordwijk an Holland, ass en Deel vun der Europäescher Weltraumorganisatioun (ESA). Do gëtt e groussen Deel vun den technesche Plangen an der Koordinatioun mat der Industrie fir d'Missioune gemaach. Am ESTEC ginn och d'Satellitten op hir Méiglechkeete fir Weltraumbedingunge getest. Dozou gehéieren ë. a. Vibratiounstester, Thermal-/Vakuum-Tester an Tester fir Elektromagnéitesch Kompatibilitéit (EMV).

AM ESTEC sinn och Laboratoire fir d'Material ze preifen. Hei ginn ë. a. d'Konschtstoffer a Metaller, déi a Satellitte verbaut ginn, mat verschiddenen Ausgastester (zum Beispill Micro-VCM, TGA) op hir Resistenz getest.

Um Terrain ass och d'Space Expo Noordwijk.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Marius Le Fèvre: L'Espace, du rêve à la réalité: Un grand bond pour l'Europe spatiale. Éditions Édite, Paris 2010, ISBN 978-2-846-08301-0

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]