European Union Baroque Orchestra

Vu Wikipedia

Den European Union Baroque Orchestra (EUBO) ass en Orchester, deen op Barockmusek spezialiséiert ass.

E gouf 1985, am Kader vum Europäesche Joer fir Musek, gegrënnt, a besteet aus enger 25 jonke Museker (Duerchschnëttsalter ass 24 Joer), déi all Joer duerch e Concours ausgesicht ginn, an dann en halleft Joer laang do spille kënnen.

Den EUBO gëtt finanziell gedroen duerch d'Europäesch Unioun an 2 Mäzenen aus dem Privatsecteur.

Vun 2008 bis 2013 huet den EUBO Residenz am Trifolion zu Iechternach.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]