Fändel vum Afghanistan
Dëse Geographiesartikel iwwer Afghanistan ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Fändel vum Afghanistan ass wäiss an an der Mëtt mat enger schwaarzer Schahada beschrëft.
Historesch Fändelen
[änneren | Quelltext änneren]Virum 20. Joerhonnert hat den Afghanistan e Fändel, dee just schwaarz war. An der Zäit vun der Monarchie hat d'Land eng Rëtsch Fändelen, déi deem vun haut geglach hunn. Nodeems d'Monarchie 1973 gestierzt gouf, krut d'Land en neie Fändel, grad sou wéi 1974 an am Abrëll 1978. Vun Oktober 1978 u stoung d'Land ënner kommunisteschem Regime a krut e Fändel deen deem vun der Sowjetunioun geglach huet. 1980 gouf dësen duerch een, deen horizontal rout, gréng a schwaarz gesträift war, mat lénks uewen dem Wope vun de kommunisteschen Hären, ersat. 1987 goufen déi hirersäits gestierzt, sou datt en neie Wopen an de Fändel gesat gouf.
Tëscht 1992 an 1996 ware Milizen aus Nord-Afghanistan un der Muecht, an de Fändel krut noeneen e puer Varianten an de Faarwe gréng-wäiss-schwaarz gesträift. 1996 koumen d'Taliban un d'Muecht, wou et alt nees verschidde Fändelvariante gouf. 2001 goufen d'Taliban an der Militäroperatioun Enduring Freedom entmuecht, an den neie Regimm huet am Januar 2004 deen Design vum Fändel festgeluecht.
Bei der Ännerung vun 2013 gouf d'Wope geännert.
Vun 2013 bis 2021 bestoung de Fändel vum Afghanistan aus dräi d'selwecht grousse vertikale Sträifen: lénks schwaarz, an der Mëtt rout a riets gréng. An der Mëtt vum Fändel ass den historesche Wope vum Afghanistan duergestallt: eng Moschee, där hire Mihrab op Mekka weist.
Den Afghanistan ass dat Land, dat am 20. Joerhonnert säi Fändel am dackste gewiesselt huet.[1]
Fändele vum Afghanistan | ||||
---|---|---|---|---|
# | Fändel | Proportioun | Zäitraum | Beschreiwung |
1 | 3:5 | 1880 bis 1901 | ënner dem Abdur Rahman Khan | |
2 | 3:5 | 1901 bis 13. Abrëll 1919 | ënner dem Habibullah Khan | |
3 | 3:5 | 13. Abrëll 1919 bis 1921 | mam aachteckegen Herrschafssijel vum Amanullah Khan | |
4 | 3:5 | 1921 bis 10. Juni 1926 | Wope vum Emirat Afghanistan als Oval | |
5 | 2:3 | 10. Juni 1926 bis 1. Juli 1928 | Wope vum Amanullah Khan gouf geännert | |
6 | 3:5 | 1. Juli 1928 bis 2. September 1928 |
Neie Fändel vum Kinnekräich Afghanistan | |
7 | 2:3 | September 1928 bis 14. Januar 1929 |
||
8 | 3:5 | 14. Januar 1929 bis 17. Januar 1929 |
Dräideegeg Herrschat vum Inayatullah Khan | |
9 | 3:5 | 17. Januar 1929 bis 15. Oktober 1929 |
Regentschaft vum Habibullah Kalakâni | |
10 | 2:3 | 15. Oktober 1929 bis 31. Oktober 1931 |
||
11 | 2:3 | 31. Oktober 1931 bis 17. Juli 1973 |
||
12 | 2:3 | 17. Juli 1973 bis 9. Mee 1974 |
||
13 | 2:3 | 9. Mee 1974 bis 27. Abrëll 1978 |
||
14 | 2:3 | 21. Abrëll 1978 bis 19. Oktober 1978 |
Nom Stuerz vum Mohammed Daoud Khan gouf säi Wopen ewechgemaach | |
15 | 1:2 | 19. Oktober 1978 bis 21. Abrëll 1980 |
Kommunistesche Regime | |
16 | 1:2 | 21. Abrëll 1980 bis 30. November 1987 |
Fändel vun der Demokratescher Republik Afghanistan | |
17 | 1:2 | 30. November 1987 bis 27. April 1992 |
De Roude Stär muss nees nom Stuerz vun de Kommuniste verschwannen. | |
18 | 1:2 | 28. Abrëll 1992 bis 2. Dezember 1992 |
Mam Schrëftzuch „Allahu Akbar“ (uewen) an der Schahāda (Mëtt)). | |
19 | 1:2 | 2. Dezember 1992 bis 27. September 1996 |
Fändel vun der Nordallianz | |
20 | 4:5 | 27. September 1996 bis 27. Oktober 1997 |
Fändel vun den Taliban, de facto Nationalfändel | |
21 | 2:3 | 27. Oktober 1997 bis 13. November 2001 |
Fändel vums Islamechen Emirat Afghanistan | |
22 | 1:2 | 13. November 2001 bis 27. Januar 2002 |
||
23 | 1:2 | 27. Januar 2002 bis 4. Januar 2004 |
||
24 | 2:3 | 4. Januar 2004 bis 19. August 2013 |
geännerte Wopen | |
25 | 2:3 | zanter dem 19. August 2013 a vun den Taliban de 17. August 2021 ongëlteg deklaréiert |
||
26 | 2:3 | Taliban Regierung zanter dem 15. August 2021 |
Fändel vum Islameschen Emirat Afghanistan, no der Eruewerung vu Kabul de 15. August 2021 vun den Taliban, als eenzeg valabel deklaréiert. International geneesou wéineg unerkannt wéi d'Talibanregierung selwer. |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Flags of Afghanistan – Biller, Videoen oder Audiodateien |