FC Porto
Ausgesinn
FC Porto | ||||
Offiziellen Numm: | Futebol Clube do Porto | |||
---|---|---|---|---|
Spëtznumm: | Dragões | |||
Veräinsfaarwen: | Blo a Wäiss | |||
Grënnung: | 28. September 1893 | |||
Stadion: | Estádio do Dragão | |||
Plazen: | 50 399 | |||
President: | Jorge Nuno Pinto da Costa | |||
Trainer: | Sérgio Conceição | |||
Liga: | Liga ZON Sagres | |||
Saison: | 2023/24 | |||
Positioun: | 3. Plaz | |||
|
De Futebol Clube do Porto (op Portugisesch), dacks FC Porto ofgekierzt, ass e Foussballclub vu Porto.
Mat 71 Trophäen ass et dee portugisesche Veräi mat den zweetmeeschten Titelen, an dat hannert dem grousse Rival, dem SL Benfica deen der iwwer 80 huet.
Zesumme mat Benfica a Sporting gehéiert den FC Porto zu den dräi "Groussen" a Portugal.
Den zweefachen UEFA Champions League Gewënner (1986/87 an 2003/04) an zweefachen Europa League Gewënner (2002/03 an 2010/11) gouf an de leschten 20 Joer véierzéngmol nationale Foussballmeeschter. Zu dëse Victoiren zielt den eemolegen "Penta", wou d'Ekipp 5 Joer hannerenee gewonnen huet.
Der IFFHS no ass den FC Porto 2012 den zwieleftbeschte Veräi vun allen Zäiten [1].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: FC Porto – Biller, Videoen oder Audiodateien |
(pt) Offiziell Websäit vum FC Porto