SL Benfica

Vu Wikipedia
SL Benfica
Offiziellen Numm: Sport Lisboa e Benfica
Spëtznumm: Águias (Aadler)
Veräinsfaarwen: Rout a Wäiss
Grënnung: 1904
Stadion: Estádio da Luz
Plazen: 65 647
President: PORPOR Rui Costa
Trainer: PORPOR Jorge Jesus
Liga: Primeira Liga
Saison: 2022/23
Positioun: 1. Plaz
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Ersatzuniform

Sport Lisboa e Benfica - kuerz SL Benfica oder SLB, och dacks Benfica Lissabon genannt, ass e Sportsveräin zu Lissabon deen haaptsächlech duerch seng Foussballsekipp bekannt ass, déi zu den dräi gréissten a Portugal zielt. Mat iwwer 80 Trophäen ass et den eischte Foussballveräin a Portugal, virun sengem grousse Rival, dem FC Porto.

Benfica huet zweemol d'UEFA Champions League gewonnen (1961 an 1962) a stoung bis an d'1980er Jore weider fënnefmol an der Finall.

De Veräin aus der portugisescher Haaptstad ass ee vun de beléiftsten a Portugal, an huet eng ganz Rei Fans iwwerall uechtert d'Welt. Quasi all portugisesch Stad huet eng « Casa do Benfica » (Haus vum Benfica), déi een och an anere Länner fënnt, sou och zu Lëtzebuerg.

De Veräin, deen 1904 gegrënnt gouf, huet ënner anerem och Ekippe fir Basketball, Vëlossport, Volleyball an Handball, vun deene verschiddener mat zu deene beschten a Portugal zielen. D'Veräinsfaarwe si Rout a Wäiss. Mat zirka 267.000 Memberen (2022) ass Benfica no der Memberszuel dee zweetgréisste Sportsveräin op der Welt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: SL Benfica – Biller, Videoen oder Audiodateien