FIBA-Weltranglëscht
Déi sougenannt NIKE-FIBA-Weltranglëscht ass déi offiziell Weltranglëscht am Basketball a gëtt vum Weltverband Fédération Internationale de Basketball (FIBA) gefouert. Si gouf am Joer 2016(?) fir d'éischt Kéier verëffentlecht an erméiglecht et, a reegelméissegen Ofstänn d'Stäerkt vun den international aktiven Nationalekippen ze bestëmmen an ze vergläichen.
Aktuell Ranglëscht vun den Hären
[änneren | Quelltext änneren]An der aktueller Ranglëscht (Stand: 28. November 2017) steet USA un der Spëtzt. Op de Plazen zwee an dräi komme Spuenien a Serbien.
Lëtzebuerg ass zurzäit op der 72. Plaz mat 49,9 Punkten.
Plaz | Land | Punkten |
---|---|---|
1. | USA | 735.0 |
2. | Spuenien | 704.7 |
3. | Frankräich | 644.0 |
4. | Serbien | 642.9 |
5. | Argentinien | 617.7 |
6. | Litauen | 614.0 |
7. | Slowenien | 581.2 |
8. | Kroatien | 547.4 |
9. | Griicheland | 525.9 |
10. | Australien | 459.9 |
... | ||
77. | Lëtzebuerg | 51.5 |
... | ||
106.* | Andorra | 22.9 |
... | ||
113.* | Malta | 18.7 |
... | ||
116.* | San Marino | 17.5 |
... | ||
135.* | Gibraltar | 6.4 |
... | ||
147.** | Malawi | 0.6 |
Notten:
- * – en europäeschen "Zwergstaat", niewent Lëtzebuerg
- ** – déi lescht Plaz
Aktuell Ranglëscht vun den Dammen
[änneren | Quelltext änneren]An dëser aktueller Ranglëscht (Stand: 27. August 2017) steet USA un der Spëtzt. Op de Plazen zwee an dräi komme Spuenien a Frankräich.
Lëtzebuerg huet 0 (null) Punkten, dofir ass si net an der Ranglëscht.
Plaz | Land | Punkten |
---|---|---|
1. | USA | 1000.0 |
2. | Spuenien | 690.0 |
3. | Frankräich | 550.0 |
4. | Australien | 467.0 |
5. | Kanada | 356.0 |
6. | Tschechien | 352.0 |
7. | Tierkei | 308.0 |
8. | Serbien | 278.0 |
9. | Brasilien | 268.0 |
10. | China | 250.0 |
... | ||
79.** | Rumänien | 1.0 |
Notten:
- ** – déi lescht Plaz