Fairy Tail

Vu Wikipedia

Fairy Tail (op Japanesch: フェアリーテイル, Fearī Teiru) ass ee Manga vum Mangaka Hiro Mashima. De Manga ass 2006 déi éischte Kéier am Shōnen Magazine verëffentlecht ginn bis 2017. 2009 koum en Anime vu Fairy Tail eraus, wat och dofir suergt, datt de Manga ee weltwäiten Erfolleg erlieft.[1]

Am Joer 2014 koumen zwee Spin-offs eraus vum Manga. Ee war vum Rui Watanabe, dee Fariy Tail Blue Mistral rausbruecht huet. An deem Spin-off ass den Haaptcharakter Wendy Marvell.[2] Deen zweete Spin-off ass vum Boku mat Fairy Girls, deen handelt em zwee stark Meedercher.[3]

2020 soll och e Spill vu Fairy Tail fir d'Playstation 4 a fir d'Switch erauskommen.[4]

Resümmee vun der Handlung[änneren | Quelltext änneren]

De Manga handelt iwwer Zauberer, déi Zauberer a sougenannte Gilden ënnerdeelt sinn a vun engem Rot iwwerwaacht ginn. Et gëtt allerdéngs net nëmme gutt Zauberer, verschidde Zauberer mëssbrauchen hir Muecht.

Dem Lucy Heartfilia säi gréissten Dram ass et Stellarmagier ze ginn. Ausserdem wëll hien en Deel vun der berüümter Grupp Fairy Tail ginn. Dobäi trëfft hat op den Natsu Dargneel, ee Feierzauberer, dee schonn en Member vun der berüümter Gild ass. Lucy notzt seng Chance an erlieft esou mat senge Frënn Natsu, Happy, Elza a Gray vill Aventuren. Dobäi fënnt hat nei Schlëssele fir säi Stellardraam ze erfëllen.[5]

Haaptfiguren[änneren | Quelltext änneren]

Cosplay-Haaptfiguren-FairyTail

Mashima huet Fairy Tail erstallt, mat der Intentioun e Manga ze schafen, an deem d'Personnagen eng gefestegt Bezéiung feieren. An dësem Manga sinn d'Personnagen all matenee befrënt, a léiere sech net réischt wärend dem Verlaf vun der Geschicht kennen, wéi et fir Mangae soss üblech ass.

Wichteg war et fir den Hiro Mashima, datt seng Personnagë rebellesch sinn an trotzdeem eng Virbild-Funktioun behalen.[6]

  • Lucy Heartfilia (ルーシィ・ハートフィリア Rūshi Hātofiria)

Lucy huet laang blond Hoer déi hatt dacks anescht stylt, meeschtens mécht hat sech awer 2 Wutzen. Hat huet ee wuelgeformte Kierper.

Hat well ee Member vu Fairy Tail ginn a befrënnt sech dofir och mam Natsu, méi spéit gëtt hat dann och ee Member. Säin Gildenzeechen ass ënnert senger rietser Hand. Lucy ass eng Stellarmagierin, seng Kraaft riicht sech no de Stärebiller, mat magesche Schlëssele kann hat di Stärebiller ruffen an sie hëllefen him dann op verschidde Manéieren. Dofir ass hat och dauernd op der sich no neie Schlësselen. Lucy huet seng Mamm scho frei verluer, wat hat net richteg veraarbechte konnt. Säin Papp huet vill geschafft an hat wéineg Zäit fir hat, esou koum et dozou dat hat vun Doheem fortgelaf ass. Hat ass eng anstänneg a léif jonk Fra, di alles mécht fir seng Dreem ze erfëllen.

  • Natsu Dragneel (ナツ・ドラグニル Natsu Doraguniru)

Den Natsu huet dacks e Schal un, well hien e grousst Läinzeeche verstoppe well. Op senger lénkser Hëft huet hien e kräizfërmegt Läinzeeche, vun enger Bless an engem Kampf. Säi Gildenzeechen ass op senger rietser Schëller an ass rout.

Hien ass ee Member vu Fairy Tail an hien huet Feierdraachen zauber, hie ka Feier zum Beispill anootme fir nei Energie ze kréien oder hie ka Feier ofwieren. Hien ass viru 400 Joer gestuerwen an ass rëm operstanen. Den Natsu ass eng frëndlech an oppe Persoun, déi awer dacks naiv ass an och iwwerreagéiert wat dann zu klenge Kämpf innerhalb vun der Grupp feiert. Hien huet all Membere vun der Grupp gär a géif fir seng Frënn alles riskéieren. Wann et ëm nei Missioune geet ass hien ëmmer am meeschten engagéiert an handelt dacks ier en nodenkt wat ëm bis elo nach net zum Verhängnes ginn ass. Den Natsu verdréit keen Transportmëttel ouni sech ze iwwerginn, dat eenzeg Transportmëttel wou him net schlecht gëtt ass den Happy.

  • Happy (ハッピー Happī)

Happy ass eng blo Katz mat engem wäisse Bauch an enger wäisser Schwanzspëtzt. Hien huet ee gréngt Gildenzeechen um Réck an huet meeschtens ee grénge Rucksak um Réck. Hie schwätzt an huet Flilleken um Réck.

Den Happy ass ee Member vu Fairy Tail an den Natsu ass säi Kolleeg. Dat läit och dodrunner dat den Natsu hie viru 6 Joer fonnt huet an en opgezunn huet. Säin Liblingswuert ass "Aye!" Den Happy ass wéi säin Numm scho seet ee gléckleche Charakter. Dem Happy seng Zauberkraaft ass datt hie fléie kann, di Kraaft nennt een Aera. Hie ka beim fléie mat sengem Schwanz eng Persoun mathuelen. Eng weider Fäegkeet di den Happy huet ass, datt hie mat aneren Déiere schwätze kann an hien esou als Dolmetscher fungéiert.

  • Gray Fullbuster (グレイ・フルバスタ ーGurei Furubasutā)

Gray ass ee muskuléise Mann, hien huet eng Narb ob der Stier. Säin Gildenzeechen ass op der rietser Säit vu senger Broscht. Hien huet ëmmer eng Ketten un, di ausgesäit wéi ee Schwäert mat engem Steen. Dacks huet hie keng Kleeder un, well hie sech onbewosst ausdeet. Opfälleg ass seng Tätowéierung un sengem Aarm, an un sengem Gesiicht.

Hien ass wéi di aner och ee Member vu Fairy Tail. De Gray ass normalerweis een entspaante Mënsch, mee hien huet eng Haass-Léift-Bezéiung mat dem Natsu, sie ergänze sech a villen Hisiichten. Hien ass senge Frënn géigeniwwer ëmmer loyal awer heiansdo iwwerreagéiert en och. Hien huet Zaubere geleiert fir sech beim Deliora ze rächen, well deen säin Heemechtsduerf zerstéiert huet. Seng Zauberkraaft ass Maach-Zauber oder dacks gëtt och gesot dat hien een Äismagier ass.

  • Erza Scarlet (エルザ・スカーレット Eruza Sukāretto)

Erza huet rout Hoer. Hat huet frei säin Ae verluer an huet vum Porlyusica ee kënschtlecht Ae kritt. Säi blot Gildenzeeche fënnt een um lénksen Ueweraarm.

Erza ass och ee Member vun der Gild Fairy Tail, hat huet de S-Rang, a gëllt als di stäerkste weiblech Zauberer vu Fairy Tail. Hat ass dee Member, deen éischter streng ass. Hat huet a senger Kandheet vill matgemaach a bereit et datt hat net all di Leit, di hat gär hat beschütze konnt, dofir huet hat ëmmer eng Rüstung un di fir hat wéi ee Schutzpanzer vun der Welt ass.

  • Gajeel Redfox (ガジル・レッドフォックス Gajiru Reddofokkusu)

De Gajeel ass deen, deen am aussergewéinlechsten ausgesäit. Hien ass muskuléis an huet rout Aen, wei och spatz Zänn. Un ville Plazen am Gesiicht huet hie Schrauwen. Säin Gildenzeechen ass um lénksen Ueweraarm.

Gajeel ass een Eisen-Draach Bewältegter. Hie war virdrun an enger anerer Gild, Phantom Lord bis en da bei Fairy Tail komm ass. Hien ass ee S-Rang Zauberer. Hien ass vun engem Draach opgezu ginn an huet sou Magie vun Draachenbewälteger geléiert. Hie ka säi Kierper awer och veräisen, a ka sou aus sengem Aarm ee Schwäert maachen. Duerch de Bäitrëtt bei Fairy Tail ass de Gajeel een anere Mënsch ginn, a suergt sech ëm seng Kolleegen.

  • Wendy Marvell (ウェンディ・マーベル Wendi Māberu)

Mat sengen donkel bloen Hoer, brongen Aen a schaarfen Zänn fält dee Charakter am Manga op. Hat huet meeschtens en Rack ouni Äerm un. Dem Wendy säi Gildenzeechen ass blo an ass um rietsen Aarm.

Wendy ass mat sengem 12 Joer ee vun den jéngste Charakteren. De Charakter ass een trellert a schei mais fir säin Alter ass hat geeschtlecht schonn erwuessen. Hat ass een Himmel-Draachenbewälteger vun der éischter Generatioun. Wendy ass Member vu Fairy Tail awer och vun der Gild Cait Shelter.[7]

Zeechestil[änneren | Quelltext änneren]

De Manga ass vun der japanescher Konscht vun der Edo-Zäit an, dem westleche Stil beaflosst. Och de Manga Fairy Tail ass am typesche Manga Stil gezeechent a soll sou Jugendlecher uspriechen.

De Manga ass klassesch am schwaarz-wäiss Stil gehalen. Figuren am Manga, wéi zum Beispill Lucy an den Natsu, si vum westlechen Ausgesinn inspiréiert. D'Figure gesi kannereg aus an hu grouss Aen. Ae soe vill iwwer de Charakter aus wéi och iwwert Gefiller vun der Persoun. De Mond ass och kleng gezeechent. Wann Personnage sech allerdéngs erschreckt oder erstaunt ass, gëtt dat mat engem iwwergrousse Mondbild verdäitlecht. An Fairy Tail fënnt een och dacks den Zeechestil dee „Super Deformed“ genannt gëtt. Hei ginn Figuren an enger extremer Form duergestallt, soudatt de Kierperbau vun de Figuren anatomesch onméiglech ass. Dat gëtt gemaach fir datt den Ausdrock méi däitlech ass wann Figur een, zum Beispill schléit wie fest en zouschléit oder eebe fir ee Kierperdeel ni vir ze réckelen.[8]

Verëffentlechung[änneren | Quelltext änneren]

De Manga ass vun 2006 bis 2007 all Woch am Shōnen Magazine erauskomm, am Verlag Kōdansha. Déi eenzel Mangae sinn an insgesamt 63 Sammelbänn zesumme gedroe ginn.

De Manga gëtt och am engleschen, franséischen, italieeneschen, spueneschen, koreaneschen an däitsche Raum verëffentlecht an iwwersat. An Däitschland gouf e vum Carlsen Verlag vu Mäerz 2010 bis Abrëll 2019 erausbruecht.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

2009 huet Fairy Tail de KODANSHA-Mangapräis gewonnen, an och de Japan Expo Best Manga Award a Frankräich.

2011 huet de Manga den ANIMELAND Award an de Kategorië Best Anime a Best Dubbed gewonnen. Dat nämmlecht Joer huet en och de Frankfurt Book Fair-International Comics Award kritt.

2012 ass en am Salon del Manga mam Best Series Award, dem Best Creator Award an dem Best Guest of Honor Award ausgezeechent ginn.[9]

Synchronspriecher[änneren | Quelltext änneren]

[10]

Haaptcharakter Japanesch Englesch Däitsch
Natsu Dragneel Kaikihara Tetsuya Christian Luci Jellinek Julius, Wietzorek Luisa
Lucy Heartfilia Hirano Aya Leigh Cherami Mohr Lina Rabea
Gray Fullbuster Kitamura Eri, Nakamura Yuuichi Reynolds Ryan, Pittman Newton Dawn-Claude René, Rachfahl Melinda
Happy Kugimiya Rie Ballard Tia Uhlig Charlotte
Wendy Marvell Sato Satomi Karbowki Brittney Tkotsch Sarah
Erza Scarlet Ohara Sayaka Clinkenbeard Colleen Oeffinger Marieke
Gajeel Redfox Wataru Hatano David Wald Marios Gavrilis

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. https://www.carlsen.de/serie/fairy-tail/89766 Zeougegraff:27.11.2019
  2. https://www.animenewsnetwork.com/news/2015-11-30/fairy-tail-blue-mistral-shojo-spinoff-manga-ends/.95935 Zeougreff:27.11.2019
  3. https://www.animenewsnetwork.com/news/2014-06-28/fairy-tail-gets-2-new-manga-spinoffs-including-a-shojo-one/.76029 Zeougreff 10.11.2019
  4. https://www.play3.de/2019/10/21/fairy-tail-details-zur-handlung-und-weitere-charakter-enthuellt/ Zeougreff: 20.11.2019
  5. https://www.anisearch.de/anime/5476,fairy-tail Zeougreff: 27.11.2019
  6. https://fairytail-german.fandom.com/de/wiki/Liste_der_Charaktere Zeougreff: 02.12.2019 https://myanimelist.net/anime/6702/Fairy_Tail/characters Zeougreff: 27.11.2019
  7. https://www.anisearch.de/character/toplist Zeougreff: 02.12.2019
  8. Drazen, Patrick: Anime Explosion! The What? Why? & Wow! of Japanese Animation. United States of America 2003. /Kazuma, Yoshimura: Manga ist Gesicht. Manga, Fotografie und Portràtbild in Ga-netchû! Das Manga-Anime-Syndrom. 2008./ McCloud, Scott: Comic machen. Hamburg 2007.
  9. https://www.carlsen.de/serie/fairy-tail/89766 Zeougreff: 02.12.2019
  10. https://myanimelist.net/anime/6702/Fairy_Tail/characters Zeougreff: 27.11.2019