Fatz

Vu Wikipedia

Eng Fatz ass e wäitleefeg gebrauchte Begrëff, deen allgemeng e klengt Stéck vun engem dënne Material bezeechent, meeschtens Stoff oder Pabeier. D'Wuert huet dobäi awer eng ofwäertend Bedeitung, well et de knaschtegen oder ofgerappte Charakter vum Objet ervirhieft. Ee Beispill ass eng Botzfatz (oder Lomp): e Stéck Stoff, dat geholl gëtt fir ze Botzen.

De Begrëff kann och pejorativ fir eng Fra gebraucht ginn an huet sech och als verstäerkt Negatioun duerchgesat (z. B.: "et huet mer kee Fatz gehollef").[1],[2],[3]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wörterbuch Archivéiert op 2019-05-22. Gekuckt de(n) 2015-06-05.
  2. Lexikon der Luxemburger Umgangssprache Archivéiert op 2015-09-09. Gekuckt de(n) 2015-06-05.
  3. Wörterbuch der Luxemburgischen Mundart