Fichier Diskussioun:Allegory of History in Bertholet's Histoire ecclesiastique.jpg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, ech hu mer dës intrigant Szenerie emol méi no ugekuckt fir ze verstoen, ween do alles drop ass.

Haaptfigur schéngt déi mat Flilleken a Lorberkranz ze sinn, déi d'[Geschicht]buch schreift(eng glunge Mëschung aus chrëschtlechen Engel an antiker Gottheet, soit dit en passant). Eng hält d'Charten am Grapp. Ma wie sinn déi zwou aner Dammen: déi, déi kleng Medaillonen an enger Këscht huet, an déi zweet, och mat Fieder, fir ze schreiwen? Am mysteriéiste sinn déi zwéin, déi um Buedem leiden: Eng Zort Pan (wat huet dee mat Geschicht ze dinn?) an dann déi hallefplakeg Jëfferche mat enger Mouk um Geläpps an engem Griffel/Béngel/Zepter/... am Grapp, déi net gléckleg mat hirer Lag ze si schéint. Was will der Autor wohl damit sagen? A wien ass déi Ditt mat der Sandauer um Kapp (firwat um Kapp), déi hannen am Motzeck steet?

--Zinneke (Diskussioun) 16:42, 15. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]

Moien,

Bei deene "Medaillonen" kéint et sech ëm Siggelstempele handelen.--Fliedermaus (Diskussioun) 18:12, 15. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]